De Message vun der Spidolsfederatioun ass kloer: D’Medezin dierf kee Geschäft ginn. D’FHL hëlt Positioun, nodeems et an de leschte Woche vill Diskussioune gouf iwwer nei medezinesch Zentren um Findel oder am GridX zu Wickreng.
“Mir brauchen e staarken ëffentleche System”
Lëtzebuerg géif sech duerch een ëffentlechen a solidaresche Gesondheetssystem auszeechnen a genee dat géif elo duerch verschidden Acteuren a Fro gestallt ginn, esou de Marc Berna. Dowéinst gesäit d’Spidolsfederatioun sech an der Verantwortung fir Positioun ze huelen. De Mënsch misst d’Prioritéit sinn an net d’Interessie vun eenzelnen Acteuren, esou den Direkter vun der FHL Sylvain Vitali.
“Als FHL si mir iwwerzeegt, datt eng Deregularisatioun vum System net fir méi Fräiheet géif suergen, mee éischter fir manner Gerechtegkeet fir de Patient.”
“Méi no beim Patient”
Duerch den Ausbau vum Extrahospitalier kéinten d’Waardezäite fir d’Patiente reduzéiert ginn an d’Accessibilitéit gestäerkt ginn, seet den Directeur médical vum CHL Guy Berchem. Ma et misst awer sécher gestallt ginn, datt d’Qualitéit vun de Prestatiounen am Extrahospitalier genee déi nämmlecht bléift wéi an de Spideeler. An och d’Aarbechtskonditioune vum Personal misste weider duerch ee Kollektivvertrag gereegelt bleiwen.
“Doduerch wëlle mir absolut keng komplett Liberalisatioun vum Secteur extrahospitalier.”
“Keng Privatinvestisseuren a keng Astellung vun Dokteren duerch Dokteren”
Och beim geplangte gesetzleche Kader fir Dokteschgesellschaften gesäit d’Spidolsfederatioun kloer rout Linnen: Et dierfte keng Privatinvestisseuren zougelooss ginn an Dokteren dierfe keng aner Dokteren astellen.
Wéi genee déi geplangten Dokteschgesellschafte solle funktionéieren ass den Ament nach onkloer. De Gesondheetsministère ass am gaang ee Gesetzesprojet dozou auszeschaffen. D’Spidolsfederatioun gouf eegenen Aussoen no bis elo nach net dozou consultéiert.