D’SPD huet bei de Wale gëschter iwwer 9 Punkte verluer a koum op nëmmen nach 16,4 Prozent vun de Stëmmen. Dat wier natierlech eng Batter Néierlag, esou d'Francine Closener.
"Ech denken den Olaf Scholz war d’Gesiicht vum Echec vun der Ampel. Hien huet jo och d’Responsabilitéit iwwerholl an zitt sech elo zeréck."
De Réckzuch wier gutt fir den Neistart vun der SPD ze garantéieren.
Net nëmmen deck Téin späitzen
Déi béid Koalitiounspartner vu bis elo, déi däitsch Gréng an d’FDP, wieren alles anescht wéi zouverlässeg gewiescht, analyséiert d’LSAP-Presidentin Francine Closener. Néideg wier elo, datt eng stabil nei Regierung entsteet. Virun allem de Friedrich Merz wier elo gefuerdert. Hien misst elo beweisen, datt hien net nëmmen deck Téin kéint späitze mee och eng stabil Regierung kéint opsetzen. D'SPD misst iwwerdeems alles dru setzen, fir dat Soziaalt rëm an de Mëttelpunkt ze setzen.
Déi däitsch Regierung vu bis elo, hätt d’Wale gëschter kloer verluer. Déi Analys mécht de Co-President vun de Lëtzebuerger Gréngen, de François Benoy. D'Bierger:innen wéilten eng léisungsorientéiert Politik a keng weider Streidereien.
"A wann een dann e bësse méi genau an d’Regierung kuckt, da fannen ech, datt déi Gréng ee ganz respektabelt Resultat hunn, mat 12 Prozent. (...) Déi Gréng hunn am allermannste verluer."
Angscht virum Rietsruck
Dat staarkt Resultat vun der AfD bei de Bundestagswale géif him “extrem Suerge” an Angscht maachen, seet de François Benoy. Ronn 21 Prozent vun de Leit an eisem Nopeschland hätten eng Partei mat Rietsextreme gewielt. Dowéinst wieren déi aner Parteie gefuerdert, fir konkret Léisunge fir d’Erausfuerderunge vun der Zäit ze fannen.
Der Francine Closener no, wäert et ee groussen Defi ginn, d’AfD an hir Ligen z’entlarven. Hirer Aschätzung no, hätte vill Leit aus Protest fir d’AfD gestëmmt.