D’CSV-DP-Koalitioun wëllt déi heemesch Rüstungsindustrie ukuerbelen – respektiv auslännesch Entreprisen encouragéieren op Lëtzebuerg ze kommen. Dës Strategie wier eng Konsequenz vun den aktuellen Zäiten, esou d’DP-Verteidegungssministesch Yuriko Backes bei der Presentatioun.
D’Joëlle Welfring vun déi gréng begréisst, datt d’Strategie op de sougenannten “Return on Invest” ziilt. Dat heescht, datt déi investéiert Suen der eegener Ekonomie nees ze gutt komme sollen.
Keng Ofhängegkeet vum Wuesstem an der Defense kreéieren
Problematesch géif et awer ginn, wann Entreprisen sech zu Lëtzebuerg néierloossen, déi reng militäresch Produite produzéieren, also Waffen oder Munitioun, déi net am Sënn vum Dual-Use kënne genotzt ginn.
"Op déi anerer Manéier ass et schwiereg, wann ee sech elo wéilt wierklech op Wuesstem am reng Militäresche wéilt setzen, datt een do eng längerfristeg Ofhängegkeet vu Konflikter an der Welt schaaft."
Dat wier weder gesond, nach wënschenswäert fir d'Wirtschaft, mengt d'Joëlle Welfring.
LSAP gesäit Risiko bei automatesche Systemer
De Ben Polidori vun der LSAP sot am 100,7-Interview seng Partei géif begréissen, datt d’Beräicher Space- a Cybersécherheet am Kader vun dëser Strategie gestäerkt ginn. Wou een awer misst oppassen, wier bei den automatesche Systemer déi an dësem Kader kéinten entwéckelt ginn.
"Mir sinn net d'accord domadder, dass mer herno Dronen hunn, déi komplett autonom fléien, zemools am Kader vun der Defense net. Dat steet net kloer dran."
Positiv gesinn déi gréng, datt an der Strategie fir d’Defenseindustrie de Volet Recherche grouss geschriwwe gëtt. An datt soll eng Kreeslafwirtschaft entsoen. Grad wat beispillsweis Terre-raren ugeet wier et sënnvoll dës an Europa ze recycléieren. Well et bräicht een eng Sécherung vun dëse kritesche Materialien an Europa, esou nach d’Joëlle Welfring.