arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Depensen fir d’Defense: Lëtzebuerg net méi Schlussliicht bei der NATO

NEI ZUELE VUN DER NATO

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Depensen fir d’Defense: Lëtzebuerg net méi Schlussliicht bei der NATO

D’NATO mellt Rekord-Haussë bei den Depensë fir d’Verteidegung. D’USA bleiwen den absolutte Spëtzereider a Lëtzebuerg ass op der Lëscht vun den 32 Alliéiert net méi op der leschter Plaz.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Mark Rutte  | © NATO
Mark Rutte (Foto: NATO)

Déi Europäesch Alliéiert a Kanada hunn zesumme ronn 500 Milliarden Euro an d’Defense gestach. Dat si bal 20 Prozent méi wéi am Joer virdrun.

Déi neisten Zuele ginn aus dem Joresrapport ervir, deen d’Militär-Allianz haut publizéiert huet.

Lëtzebuerg huet deem Rapport no, 2025 ronn eng Milliard Euro fir d’Defense ausginn an domat seng Militärdepensë par rapport zum Joer virdru verduebelt.

Den NATO-Generalsekretär Mark Rutte war en Donneschdeg zefridden, wéi hien zu Bréissel an der NATO-Zentral déi Zuele virgestallt huet.

 “D’lescht Joer huet een neit Kapitel an der gemeinsamer Verteidegung ugefaang (...) D’NATO ass esou staark wéi nach ni.”

Ze laang hätte sech déi Europäesch Partner a Kanada op d’USA verlooss, esou de Mark Rutte. Ma elo hätt et ee reegelrechte Sënneswandel ginn.

All d’NATO-Partner erreechen Zwee-Prozent-Zil, och Lëtzebuerg

2025 hunn nämlech fir d’éischte Kéier all d’Alliéiert d’Zil, op d’mannst zwee Prozent vun hirem PIB an d’Defense ze stiechen, erreecht.

Dat Zil hat sech d’NATO 2014 ginn.

Och grouss Ekonomie wéi Spuenien hätten dat zwee Prozent-Zil erreecht, sou den Hollänner, deen och Lëtzebuerg extra ernimmt huet.

Den Zuele vun der NATO no hunn d’Ausgabe fir d’Verteidegung zu Lëtzebuerg zejoert 2,13 Prozent vum PIB ausgemaach. Domat läit de Grand Duché op der Lëscht vun den 32 Alliéiert am ënneschte Mëttelfeld.

Nach zejoert hat de Grand Duché mat engem Undeel vun den Militär-Depense vun 1,08 Prozent vum PIB déi lescht Plaz op där Lëscht ageholl.

Spëtzereider USA

Der Rechnung vun der NATO no ginn den absolutten Zuelen no nach ëmmer d’USA mat ronn 838 Milliarden Dollar am meeschte fir d’Verteidegung aus.

Dat ass méi ewéi all déi aner Alliéiert zesumme fir d’Defense ausginn.

Rechent een déi Depensen op de Kapp aus, dann hunn zejoert d’USA 2.000 Euro pro Awunner an d’Defense gestach.

Zu Lëtzebuerg waren et der NATO no 1.500 Euro op de Kapp. An där Tabell läit Lëtzebuerg ganz vir: Nieft den USA hu just Norwegen an Dänemark méi pro Awunner fir d’Defense ausginn.

play_arrow Lauschteren