Militäresch Transporter géifen dee Moment prioritär Accès op allen EU-Transportweeër, Infrastrukturen a Servicer kréien. Parallel soll et Ausname ginn zu Fuer- a Raschtzäiten souwéi Ëmwelt- a Kaméidioplagen.
D’EU wëllt sech domat op de Risiko vun enger russescher Aggressioun preparéieren. An enger Zäit vu Kris kéint d’EU et sech net erlaben ze lues ze handelen, esou d’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas.