D’Ouverture vun der Sécherheetskonferenz mécht den däitsche Kanzler Friedrich Merz um Freidegmëtteg um 13:45 Auer mat senger Grondsazried iwwer déi däitsch Aussepolitik.
Spannung ronderëm d'Aussoe vum Merz
Mat Spannung gëtt erwaart, wéi eng Aussoen hien zu der Muechtpolitik vum US-amerikanesche President Donald Trump wäert maachen.
Nach d’lescht Joer hat den amerikanesche Vize-President JD Vance op genee där Plaz kritiséiert, d’Europäer géifen d’Meenungsfräiheet limitéieren an d’Demokratie veruechten.
USA gëtt vum Rubio vertrueden
Dëst Joer ass et den US-Ausseminister Marco Rubio, deen d’USA zu Münche vertrëtt. Rieds geet allgemeng vun engem Treffe vun der Superlativ.
Nieft de Staats- a Regierungscheffen an den Aussen- an Defenseministere ginn d’Spëtze vu 40 internationalen Organisatiounen erwaart, dorënner och d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den NATO-Generalsekretär Mark Rütte.
Dem fréieren däitschen Diplomat Wolfgang Ischinger no, deen d’Konferenz leede wäert, ass ee weidert wichtegt Thema och op een Neits de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain.
Och Ukrain erëm am Fokus
Den ukrainesche President Wolodymyr Zelenskyi wäert op der Konferenz fir weider Ënnerstëtzung fir säi Land plädéieren.
Um Bord vun der Sécherheetskonferenz ginn eng Parti Demonstratiounen erwaart, ënner anerem géint déi iranesch Regierung zu Teheran. Rieds geet vun enger gréisserer Aktioun muer um Samschdeg op der Theresienwiese mat bis zu Honnertdausenden Demonstranten, zu där de Reza Pahlavi opgeruff huet.
Fir Lëtzebuerg reesen den DP-Ausseminister Xavier Bettel an d‘DP-Verteidegungsministesch Yuriko Backes an déi bayrescher Haaptstad.