arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch politesch Communautéit: Kanada mëscht sech ënner déi Europäesch Länner

Europäesche Sommet

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Europäesch politesch Communautéit: Kanada mëscht sech ënner déi Europäesch Länner

Um aachte Sommet vun der sougenannter “Europäescher Politescher Communautéit” diskutéieren d’Staats- a Regierungscheffen aus bal 50 europäesche Länner iwwer sécherheets- an energiepolitesch Froen. Mat dobäi ass fir déi éischte Kéier mat Kanada een net-europäescht Land.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

D'Verteidegungspolitik an d’Energie-Sécherheet sinn d’Haaptsujeten um aachte Sommet vun der sougenannter “Europäescher Politescher Communautéit”, deen des Kéier zu Eriwan an Armenien ass.

Dat Format gouf 2022 op Initiativ vum franséische President Emmanuel Macron an d’Liewe geruff. Zënterhier kommen zwee Mol am Joer d’Staats- a Regierungscheffen aus wäit iwwer 40 europäesche Länner zesummen. Dorënner nieft de 27 EU-Länner och Groussbritannien, d’Tierkei, d’Staate vum Westbalkan oder d’Ukrain.

Lëtzebuerg gëtt op der Reunioun an der armeenescher Haaptstad duerch de Premier Luc Frieden vertrueden.

Dat Besonnescht un deem europäesche Sommet ass, datt des Kéier fir déi éischte Kéier och een net europäescht Land dobäi, nämlech Kanada.

Strategesch Relatioun mat Kanada verdéiwen

De Sommet wier och dowéinst historesch, esou e Méindeg de Moien de Conseilpresident Antonio Costa. Wichteg wier d’Presenz vum kanadesche Premier Mark Carney wéinst der geopolitescher Situatioun. Europa bräicht a punkto Sécherheet eng 360 Grad Visioun, a Kanada géif déi Visioun genee ewéi déi vun enger Internationaler Uerdnung, déi op Prinzippie baséiert, deelen, esou de Portugis virun.

De Mark Carney huet dat confirméiert.

"Ech denken, et passt, datt mir dobäi sinn, well Kanada ass dat europäeschst ënner de Net-Europäesche Länner."

Säi Land wier komplementar zu Europa, wat déi ekonomesch a sécherheetspolitesch Ziler ugeet. Donieft géif sech Kanada schonn elo un enger ganzer Parti vu militäreschen an Energie-Projete bedeelegen.

Seng Presenz hätt doriwwer eraus eng héich symbolesch Bedeitung, well hien dovun iwwerzeegt wier, datt déi international Uerdnung nei opgebaut wäert ginn, a well dat baussent der EU wäert geschéien, esou de Mark Carney.

D’Staats- a Regierungscheffen hu bis an de Nomëtteg eran Entrevuen a verschiddene méi klenge Formater ouni datt do schrëftlech Conclusioune gezu ginn.

En Dënschdeg steet dann deen éischten EU-Armenien-Sommet um Ordre du jour. Do stinn déi bilateral Relatiounen tëschent der Europäescher Unioun an Armenien am Mëttelpunkt.

play_arrow Lauschteren