arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierung stellt éischt national Strategie fir d’Defenseindustrie vir

Verteidegung

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Regierung stellt éischt national Strategie fir d’Defenseindustrie vir

Fir d’Produktioun an d’Fuerschung an der Verteidegungsindustrie hei am Land unzekuerbelen, huet d’Regierung hir éischt Defensestrategie virgestallt. Dës Strategie wier eng Konsequenz vun den aktuellen Zäiten, esou d’Verteidegungsministesch Yuriko Backes virun der Press.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
DP-Verteidegungsministesch Yuriko Backes an DP-Wirtschaftsminister Lex Delles | © MAE
DP-Verteidegungsministesch Yuriko Backes an DP-Energieminister Lex Delles (Foto: MAE)

D’Zil dovunner ass déi national an och an déi gemeinsam NATO-Defense auszebauen an d’Buedem-, Loft-, Space-, a Cybersécherheet ze stäerken. 

Defense Campus um fréiere Site vu Liberty Steel

An dëser Strategie géif et ëm den Developpement vu Produktiounskapazitéite goen, esou den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles. Heifir wéilt een d’Kompetenzen um Flughafen ausbauen an um ale Site vu Liberty Steel ee sougenannten Defense Campus opbauen.  

"Wou och d'Recherche a wou d'Entreprisen ënner sech kënne fonctionéieren. E securiséierte Campus, well natierlech do och verschidden Developpementer oder verschidden Ausaarbechtunge gemaach ginn, déi net einfach esou kënne public sinn."

Kee separate Budget

Laangfristegt Zil vun dëser Strategie wier et, d’Besoine vun der Lëtzebuergescher Arméi mat der heemescher Produktioun ze decken, grad ewéi am Sënn vun de NATO-Virgaben an der eegener Rüstungsindustrie akafen ze kënnen, esou de Bilan vun der Pressekonferenz. 

De Finanzement soll iwwer een Innovatiouns-Fong garantéiert ginn. Op d'Fro, vu wéi enger Zomm hei rieds wier, sot d’Verteidegungsministesch Yuriko Backes: "Dës Strategie huet elo kee separate Budget. Dat fléisst op ganz ville Plazen an."

Fir dës Strategie ëmzesetze misst dann och de legale Kader ugepasst ginn. Wat konkret virgesinn ass, wier nach net gewosst, esou de Bilan vun der Pressekonferenz.

play_arrow Lauschteren