arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump schwätzt dovun Attacken am Iran zeréckzefueren an deelt géint NATO aus

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

Donald Trump schwätzt dovun Attacken am Iran zeréckzefueren an deelt géint NATO aus

Den Donald Trump ka sech virstelle fir d‘Attacken op den Iran zeréckzefueren.  D‘USA hätten d‘Krichsziler bal erreecht, huet hien op Truth Social matgedeelt. Dozou géif d‘Zerstéierung vun den iranesche Rakéitencapacitéiten, der Marinn an der Loftwaff gehéieren.

reading time

1 min

Donald Trump | © EPA/WILL OLIVER
Donald Trump (Foto: EPA/WILL OLIVER)

A sengem Post huet den US-President nach präziséiert, datt d‘USA net déi Haaptresponsabel wieren, fir d‘Strooss vun Hormus ze schützen. Dat missten déi Länner maachen, déi d'Strooss och notzen. 

NATO-Membere wiere Feiglingen

Op Truth Social huet den Trump an deem Kontext och seng Alliéierte vun der NATO Feiglinge genannt. Ouni d‘USA wier d‘NATO just en Tiger ouni Zänn. Hien huet sech op en neits beschwéiert, datt kee wéilt hëllefen, fir d‘Strooss vun Hormus erëm opzemaachen.