arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland kritt gréng Luucht fir Tomahawk-Rakéite vun den USA ze kafen

Defense

|
reading time

1 min

Däitschland kritt gréng Luucht fir Tomahawk-Rakéite vun den USA ze kafen

D‘USA hu gréng Luucht fir d‘Vente vun Tomahawk-Rakéiten un Däitschland ginn. Dat huet den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz haut matgedeelt. Deemno sollen d‘Mëttelstreckerakéite vun Däitschland kaf ginn an och do stationéiert ginn. 

reading time

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Ales Utouka
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Ales Utouka)

D‘Rakéite mat enger Reechwäit bis zu 2.500 Kilometer gëllen als strategescht wichtegt Element an der europäescher Defense.

Eigentlech sollten d‘USA dës Waffen an Europa stationéieren. Den US-amerikanesche President Donald Trump hat déi Decisioun vu sengem Virgänger Joe Biden allerdéngs annuléiert.