D’Benelux Staaten hätten an der Vergaangenheet schonn a ville Beräicher zesummegeschafft a missten dat an Zukunft weider verdéiwen, esou de Premierminister Luc Frieden. Als Beispill gëtt d’Defense genannt.
"Et ass och dowéinst, dastt mir d’Kooperatioun am Beräich vun de Satellitte fir d’Defense stäerke wëllen. Mir wäerten dofir zesumme mat der Belsch och d’Capacitéite vum GovSat2 Satellit notzen, deen neie Satellit deen ech lescht Joer ugekënnegt hat."
D’DP-Defenseministesch Yuriko Backes hätt um Méindegmoie mat hirem belschen Homolog eng deementspriechend déclaration d’intention ënnerschriwwen, esou de Luc Frieden.
Lëtzebuerg wëll Belsch GovSat 2 zur Verfügung stellen
D’Lëtzebuerger Regierung wëllt deemno an Zukunft Capacitéite vum Satellit "GovSat 2" der Belsch zur Verfügung stellen. De Satellit, deen viraussiichtlech 2029 soll starten, wäert d’Kooperatioun am Beräich vun der Défense stäerken. Dat huet de Premierminister Luc Frieden no enger Entrevue mam belsche Premierminister Bart de Wever géintiwwer der Press annoncéiert.
Wéi genee déi Zesummenaarbecht mat der Belsch soll funktionnéieren, ass net gewosst. Och am Beräich Energie wéilt ee méi enk zesummeschaffen, esou béid Premieren.
Taskforce fir d'Wirtschaft
De belsche Premier Bart de Wever sot et misst ee kucke wou dat nach méiglech wier.
"A task force who looks at all the barriers that exist between our economies. What does companies, persons working in the Benelux prohibit to be successful in the Benelux area?"
De Bart de Wever proposéiert eng Taskforce déi sech ukuckt, wéi eng Barrièren et tëschent der lëtzebuergescher an der belscher Ekonomie géif ginn. Wat d'Betriber an d'Leit drun hënnert déi an de Benelux-Länner schaffen erfollegräich ze sinn? An op een eppes maache kéint bei der Unerkennung vun Diplomer?
Doriwwer eraus huet de belsche Premier den Teletravail ugeschwat. Hei misst een och am Kader vun der Taskforce kucke wéi d'Situatioun vu Frontalieren, déi notamment an engem Land wunne mee an engem anere schaffe, verbessere kéint.
Zil: Virreider an der EU ginn
Wann et engem géif geléngen d’Zesummenaarbecht a verschiddenste Beräicher ënnert de Benelux-Staate weider ze verdéiwe kéint een domat Virreider an der EU ginn, esou nach de belsche Premierminister. Hien huet sech grad ewéi de Luc Frieden oppe gewise fir d’Kooperatioun och iwwert d’Benelux-Länner eraus auszebreeden. Allerdéngs ouni méi konkret ze ginn.
Lëtzebuergesch a belsch Regierungsmemberen waren haut am Kader vun der Reunioun “Gaichel 13” zesummekomm. Dës bilateral Reunioun gouf et 2004 eng éischte Kéier.