arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 150 Milliounen Euro si schonn zesummekomm - den Defence Bond ass ausverkaf

Defence Bond

|
headphones

1 min

150 Milliounen Euro si schonn zesummekomm - den Defence Bond ass ausverkaf

Beim Defence Bond, deen zënter gëschter um Donneschdeg konnt kaf ginn, ass alles verginn. An engem Schreiwes schwätzt de Finanzminister Gilles Roth (CSV) vun engem remarkabele Succès. Dee géif weisen, wéi vill Vertrauen an déi staatlech Finanze géif bestoen.

headphones

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Mam Defence Bond konnte sech Privatpersounen un der nationaler Verdeedegung bedeelegen.

Den Zënstaux läit bei 2,25 Prozent pro Joer. Déi kritt een all Joer wärend dräi Joer vum Staat ausbezuelt. 

D‘Zënserträg si steierfräi fir Residenten.

Fir matzemaachen huet een dem Staat e Minimum vun 1.000 Euro musse léinen, de Maximum läit bei 150.000 Euro pro Persoun a pro Bank.