Lëtzebuerg wëllt vum nächst Joer un zwee Prozent vum RNB an d’Defense investéieren, a fënnef Prozent vum RNB vun 2035 un. Dat géif eng ganz staark Augmentatioun vun den Depensë bedeiten, wéinst den Engagementer vu Lëtzebuerg, esou den Direkter vun der Chambre des salariés Sylvain Hoffmann.
“Mir mengen et wier natierlech besser déi Sue kënnen enzwousch anescht investéieren, och op internationalem Niveau, ee sech misst iwwerleeën, ob et do net besser wär, déi international Communautéit géif méi an de Klimaschutz investéieren, Inegalitéiten erofsetzen, Aide au développement, dat wär vläicht méi wichteg, och fir d'Preventioun vu Konflikter kënne besser ze finanzéieren, wéi elo im Nachhinein hei opzerüsten.”
Och an aner Beräicher investéieren
D’Voie diplomatique géif net ëmmer goen, dowéinst misst ee sech virbereeden, esou nach de Sylvain Hoffmann. An deem Sënn wier et och gutt an aner Felder ze investéiere fir eng besser strategesch Autonomie ze kréien, seet den Direkter vun der CSL. Als Beispill nennt hien hei d’Energie.
D’Chambre des salariés (CSL) huet ronn 630.000 Memberen. Domat ass d’Salariatskammer déi gréisste Beruffschamber hei am Land.