arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LuxDefense zur Defenseindustrie: Nach puer Erausfuerderunge stinn un

Verteidegungspolitik

|
reading time

1 min

headphones

13 min

play_arrow

LuxDefense zur Defenseindustrie: Nach puer Erausfuerderunge stinn un

De Brancheverband vun der Lëtzebuerger Defenseindustrie LUXDefense begréisst d’Strategie fir d'Verdeedegungsindustrie, déi d’Regierung presentéiert huet. D’Strategie fir eng Verdeedegungsindustrie wier relativ komplett an ëmfangräich, sot den André Wilmes, President vu LUXDefense am 100,7-Interview.

reading time

1 min

headphones

13 min

play_arrow
© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Trotzdeem géifen awer nach e puer Erausfuerderungen op Lëtzebuerg waarden, fir datt hei wierklech en attraktiven Defensestanduert géif entstoen, esou den André Wilmes. Virop wat d'Plaz ugeet fir d'Produktioun, de Recrutement an et misste Konte bei de Banken an Filialen opgemaach ginn.

"Also et ass och villes, sou ze soen, kleng Etappen, mee wann een se all zesummesetzt, da mécht et e groussen Effekt, ob een herno wierklech da séier ass oder net."

Dëst Joer nach misst ee kucken, fir grouss Decisiounen ze treffen. Beispillsweis wou nei Produktiounssitte gebaut ginn oder grouss Gruppen investéiere kënnen, esou nach den André Wilmes.

play_arrow Lauschteren