arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergescht Zil bei NATO-Ausgabe soll elo réischt 6 Joer méi spéit erreecht ginn

Defense

|
reading time

1 min

Lëtzebuergescht Zil bei NATO-Ausgabe soll elo réischt 6 Joer méi spéit erreecht ginn

An enger Sëtzung vun der Verteidegungskommissioun vun der Chamber huet d’DP-Ministesch Yuriko Backes eng nei, no ënne revidéiert Trajectoire bei den NATO-Ausgabe presentéiert. D’Regierung hat jo den Engagement geholl, bis 2035 3,5 Prozent vum RNB fir d’Defense selwer auszeginn.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Elo ginn déi Ausgabe bis 2029 all Joer ëm 0,1 Prozentpunkt an d’Luucht, soudatt d’Zil vun 3,5 Prozent elo eréischt 2041 - also 6 Joer méi spéit - géif erreecht ginn.

D’Defenseministesch Backes huet op déi sougenannt "mid term review" vun der NATO, souzesoen d’Halbzäitiwwerpréifung, am Joer 2029 verwisen. Et hofft ee bis dohin op eng Verbesserung vun der Situatioun.

D'Trajectoire soll net nëmmen der militärescher Kapazitéit vu Lëtzebuerg ze gutt kommen, mee och dem Weltraum- oder Cyberberäich. Dat och an der Fuerschung. Iwwerdeems soll déi ukrainesch Defense domat weider ënnerstëtzt ginn.