Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Camille Schmidt - Your Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ausseruerdentlechen LSAP Parteikongress

Politik

Ausseruerdentlechen LSAP Parteikongress

Bei der LSAP bleiwen d‘Francine Closener an den Dan Biancalana un der Parteispëtzt. Déi zwee Deputéiert goufe gëschter um ausseruerdentlechen Nationalkongress vun der LSAP als Co-President a Co-Presidentin zréck gewielt. Et goufen awer och Ännerungen an der Partei-Exekutiv decidéiert: De Sascha Pulli gëtt neien LSAP Generalsekretär.

auto_stories

2 min

No 5 Joer hält den Tom Jungen als LSAP Generalsekretär op (Foto: Pierre Reyland)

Nodeems dee bei der LSAP ganz beléifte Generalsekretär vu bis elo, Tom Jungen, annoncéiert huet, datt hie no 5 Joer ophält – hie krut um Kongress eng Standing Ovation an e Cadeau – waren déi ronn 250 Leit am Sall gespaant, wien säi Posten iwwerhëlt. Dat ëmsou méi, wëll et fir d‘éischte Kéier zanter iwwer 20 Joer eng Kampfofstëmmung fir en exekutive Poste bei der LSAP gouf. 

Zwee jonk Kandidaten hu fir de Generalsekretär-Poste kandidéiert - Amir Vesali, fréiere President vun de Jong-Sozialisten vu Wolz. An de Sascha Pulli, Escher Gemengeconseiller, fréieren Handball-Spiller an LSAP Tresorier vu bis elo. Hien hat sech eréischt spéit an d‘Course lancéiert, an huet um Enn gewonnen, knapp, mat 57,85 Prozent vun de Stëmmen. Wat net heesche géif, datt hien elo Problemer hätt, d‘Truppen ze rassembléieren.

"Ech gesinn dat anescht, datt net zwee Leit géint eppes untrieden, mee fir eppes. An et gëllt elo mat der Parteileedung, mat de Memberen, eng gemeinsam Visioun auszeschaffen."

"Déi Riets sinn zeréck an Europa an och bei eis"

D‘LSAP wier den Ament gutt ënnerwee – huet et an de politesche Riede vun den erëm-gewielte Co-Presidente geheescht. d‘LSAP hätt 700 nei Member an de leschten 18 Méint bäikritt, ee Rekord, sou d‘Co-Presidentin Francine Closener. An eng staark LSAP wier méi wichteg wéi jee:

"Well déi Riets sinn zeréck, an Europa, an och heiheem, bei eis."

Do misst een oppassen, net just op déi Riets, mee och op d‘CSV an d‘DP, sou den LSAP Co-President Dan Biancalana:

"Jo, mir mussen op se oppassen, well och wa se soen, Nee mat de Rietse wëlle mer net zesumme schafen, dann ass dat just Augenwischerei. An do ginn et Beispiller. Wann et drëms geet, eng Motioun an der Chamber ze stëmme mat den ADR kuerzsiichteg, egoistesch Interête wëll duerchsetzen, hei, d‘Unanimitéit fir Steierfroen an Europa erhale wëll, da fale se ëm d‘CSV an d‘DP. Si falen ëm wéi Mécken, a stëmme mat de Rietsem, mat der ADR."

Neie Grondsazprogramm 

Déi nächst Walen si nach wäit ewech, mee d‘LSAP géif, an Aarbechtsgruppen, ufänken, u engem neie Grondsazprogramm ze schaffen:

"Deen Aktuellen ass vun 2001. Also, no 23 Joer wier et mengen ech net vu Muttwëll, fir deen unzepassen."

Nei am LSAP Exekutiv ass och elo d‘Maxime Miltgen. D‘Stadter Gemengeconseillère gëtt Vize-Presidentin. An den Kenichi Breden, vu Jonglënster, gëtt neien Tresorier.