Radioen

On air

Notturno  |  Call Super & Julia Holter - Illumina

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ LSAP: D'Direktioun an de Verwaltungsrot vun der Caritas sinn "net ze halen"

No Finanzskandal

LSAP: D'Direktioun an de Verwaltungsrot vun der Caritas sinn "net ze halen"

D’LSAP-Fraktioun bedauert, datt d’Regierung net méi iwwert den Dossier vun der Caritas kommunizéiert. Och wa beim Parquet nach eng Enquête leeft, wier d’Regierung am gaange politesch Decisiounen ze huelen, iwwert déi d’Chamber misst informéiert ginn, sot de Freideg de Moien d’Fraktiounspresidentin Taina Bofferding op enger Pressekonferenz.

auto_stories

2 min

PK LSAP Caritas | © Carole Schimmer
Foto: Carole Schimmer

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot ass der Meenung, datt de Verwaltungsrot an d’Direktioun vun der Caritas hir Responsabilitéite missten iwwerhuelen.

Lauschterenplay_arrow

"Dat heescht, dat ass eng Organisatioun déi elo menacéiert ass ze verschwannen. Vill méi eng schwéier Responsabilitéit kann een net hunn an dofir mengen ech, datt déi Direktioun kaum ze halen ass an enger neier Caritas, oder an enger neier Organisatioun, déi een Deel vun den Aktivitéite vun der Caritas iwwerhëlt. A beim Verwaltungsrot ass et ganz änlech. Deen huet d'Flicht gehat, fir eng Surveillance ze maachen an huet an där Hinsicht och eng Responsabilitéit. An ouni elo do wëllen iergendee perséinlech z‘attackéieren, oder engem ze no ze trieden, mengen ech, datt och dee Verwaltungsrot net ze halen ass."

Et wier wichteg, datt d’Gesetzer och nogebessert gi fir d’Gouvernance an d’Transparenz an de Fondatiounen an ASBLen ze verbesseren, déi vum Staat ko-finanzéiert ginn, oder déi Spende vum Public sammelen. An enger Proposition de Loi, déi d’LSAP an der Chamber wäert deponéieren, ass eng Verstäerkung vun der Kontroll bei de Finanztransferte virgesinn.

Viremente vun iwwer 10.000 Euro musse vun zwou Persounen iwwerpréift ginn, bei 100.000 Euro missten et 4 Persoune sinn a bei 500.000 Euro, déi iwwer 4 Wochen cumuléiert sinn, misst de Verwaltungsrot säin Accord no enger Reunioun ginn.

Allgemeng fuerdert d’LSAP-Fraktioun, datt d’Cour des comptes ee Rapport ausschafft iwwert d’Gouvernance vun deenen ASBLen oder Fondatiounen déi vum Staat co-finanzéiert ginn.