Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Hannah Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EVP eventuell duebel esou staark vertrueden

NEI EU-KOMMISSIOUN

EVP eventuell duebel esou staark vertrueden

Bis haut sollen d'EU-Länner hir Kandidaten a Kandidatinne fir déi nei Kommissioun proposéieren. Nieft der Egalitéit vun de Geschlechter ass och déi politesch Balance een Diskussiounspunkt. Déi Europäesch Vollekspartei kéint um Enn iwwer duebel esou vill Memberen hunn.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Ursula von der Leyen | © picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

D'Ursula von der Leyen steet virun där komplizéierter Aufgab déi richteg Leit op déi richteg Posten ze setzen. Dobäi gëllt et hir Kompetenzen, de Wonsch vum betraffene Land, eng Balance tëschent Ost- a Westeuropa, tëschent de Geschlechter an de politesche Parteien iergendwéi mat ze berücksichtegen.

Besser Portefeuillë fir weiblech Kandidatinnen?

Déi nächst Woch wäert d'Presidentin ufänken, mat den eenzele Persounen ze schwätzen. Eisen Informatiounen no steet fir en Dënschdeg eng Entrevue mam Lëtzebuerger Kandidat Christophe Hansen um Programm vun der Ursula von der Leyen.

Do wäert dann och iwwer de Choix vum Portefeuille geschwat ginn. Bis elo ass iwwer d'Verdeele vun de Ressorten an där neier Ekipp nach net vill bekannt, d'Kommissiounscheffin hält sech bis elo komplett bedeckt. Kloer ass just, datt d'Länner vill méi Männer nominéiert hunn, nämlech 19 par rapport zu just sechs Fraen.

Eenzegen Hiewel fir Verschiddener nach ëmzestëmmen ass d'Aussiicht op ee bessere Portefeuille fir weiblech Kandidatinnen. 

"Si wäert dofir suergen, datt um Enn esou vill Frae wéi méiglech am Collège sinn", war alles wat hire Spriecher dës Woch verrode wollt. 

Europäesch Sozialistesch Partei hält sech mat Aussoen zeréck

Déi politesch Balance dierft der Kommissiounscheffin iwwerdeems och Kappzerbrieches maachen. Den Ament ass hir eege Partei, also déi Europäesch Vollekspartei, an där neier Kommissioun proportional gesi vill méi staark wéi am Europaparlament vertrueden. 
D'EVP géif mat 13 méi wéi duebel esou vill EU-Kommissäre stelle wéi d’Sozialisten, déi Partei also, déi bei den Europawalen am zweetbeschten ofgeschnidden huet. 

Genee dat Argument féiert déi politesch Famill an d'Feld. Si kämpft dofir, datt hire Spëtzekandidat, den Nicolas Schmit an där neier Kommissioun soll Member sinn. 

De Prinzip vum Spëtzekandidat géif hei net respektéiert, hat zum Beispill de René Ripasi, däitschen Europadeputéierte vun der SPD, kritiséiert.

"Das wirft ein schlechtes Licht auf die Kommission von der Leyen."

Soss hält sech allerdéngs déi europäesch Sozialistesch Partei bis elo zeréck mat Commentairen. 

Och op widderhuelt Nofro war keng Reaktioun vun där Säit ze kréien.

Chancë vum Nicolas Schmit gi méi kleng

Den ëffentlechen Drock, deen op d'Kommissiounspresidentin ausgeüübt gëtt, schéngt sech deemno a Grenzen ze halen - woumat d'Chancë vum Nicolas Schmit awer nach an der Kommissioun ze bleiwen, ëmmer méi kleng ginn.

Bleift um Enn nach d'Europaparlament, dat d'Kandidate guttheesche muss. Ob do allerdéngs d'Sozialisten hire Score verbesseren, ass net sécher. 

De Christophe Hansen hält et zwar net fir onméiglech, datt hien do vu Verschiddene speziell haart ugepaakt gëtt, sot hien eis.

Géif hien allerdéngs refuséiert ginn - kéint seng EVP am Géigenzuch ee Kandidat vun de Sozialisten duerchfale loossen. Dat wier net déi éischte Kéier.

Lauschterenplay_arrow