Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  D'Politik am Studio, ...

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséisch Sozialiste komme fir Parteikongress zesummen

Regierungsformatioun a Frankräich

Franséisch Sozialiste komme fir Parteikongress zesummen

Frankräich stécht nach ëmmer an der politescher Sakgaass. Eng nei Regierung ass net a Siicht. De Sozialistechef Olivier Faure weist sech gespréichsbereet. Seng Partei kënnt haut fir e Parteikongress zesummen nodeems et an der Partei déi lescht Deeg gewëss Tensioune gouf.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier
Olivier Faure, Chef vun de franséische Sozialisten (Foto: picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier)

D’sozialistesch Partei dierf net verbruet a mat verschränkten Ärem am Eck stoe, sot de sozialistesche Buergermeeschter vu Rouen, den Nicolas Mayer-Rossignol, gëschter an engem Interview. Dat wollt säi Parteichef Olivier Faure de Moien um Mikro vum franséischen RTL net esou stoe loossen. Et wier een net verbruet, au contraire gespréichsbereet, och fir eng méiglech Koalitioun mat de Macronisten an de Republikaner.

Gesond Positioune bannent der Partei

Vun haut u kommen d’Sozialisten zu Blois fir ee Parteikongress zesummen. Dobäi dierft virun allem d’Fro am Raum stoen, wéi ee sech ugesiichts vun der Regierungsformatioun positionéiere soll. Hei koum et an de leschten Deeg a Wochen ëmmer nees zu ënnerschiddlechen Usiichte bannent der Partei.

D’Premierskandidatin vum Lénksbündnis Nouveau Front Populaire, d’Lucie Castets, wäert och op de Parteikongress kommen. Si sot de Moien um Mikro vun BFMTV déi ënnerschiddlech Positioune bei de Sozialiste wiere gesond, dat bréicht een bannent vun enger Partei.

Macron dierf lénk Regierung net rejetéieren

Iwwerdeems war d’sozialistesch Presidentin vun de Régions de France, d’Carole Delga, de Moien op Besuch am Elysée. Am Virfeld sot si dem Parisien, de Macron hätt d’Recht d’Lucie Castets ze rejetéieren, net awer eng lénk Regierung. D’Gauche misst elo mat den anere republikanesche Parteien zesummeschaffe fir e Konsens ze fannen.

Geschriwwe vum Max Tholl, vu Paräis, fir den 100,7.