Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Police Judiciare: Lucien Lux steet am Verdacht géint secret professionel verstouss ze hunn

Perquisitioun beim Staatsrot

Police Judiciare: Lucien Lux steet am Verdacht géint secret professionel verstouss ze hunn

D‘Police Judiciaire huet gëschter eng Perquisitioun beim Staatsrot gemaach, dat mellt de Parquet an engem Communiqué. Et geet ëm de Verdacht vun ënner anerem abus de biens sociaux, blânchiment, a Verstouss géint de secret professionnel.

auto_stories

1 min

De Lucien Lux, Member vum Staatsrot, stéing am Verdacht, een Dokument publizéiert ze hunn, wat zu deem Zäitpunkt net ëffentlech war, an domat géint säi secret professionel verstouss ze hunn, sou de Parquet a sengem Schreiwes. De Lucien Lux hat am Juli 2023 dem Promoteur Flavio Becca en Avis vum Staatsrot iwwert déi geplangte Spidolsreform geschéckt éier den Avis offiziell vum Staatsrot publizéiert gouf.

De Falvio Becca war zu deem Zäitpunkt deen eenzege Client vum Lucien Lux senger Berodungs-Firma. De Flavio Becca war als Entrepreneur drun intresséiert, privat Dokteschcabinete baussent de Spideeler opzemaachen. De Staatsrot hat säi Comité de Deontologie saiséiert an de Lucien Lux mat enger Rüg bestrooft.