Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pensiounsreform geet an déi éischt Phas 

Lëtzebuerger Pensiounssystem

Pensiounsreform geet an déi éischt Phas 

Am Zesummenhang mat der geplangter Reform vum Lëtzebuerger Pensiounssystem wäert dëse Méindeg, de 7. Oktober, déi éischt Phas ufänken. D'Phase de consultation. Dat huet d’Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez de Moie virun der Press ugekënnegt.

auto_stories

2 min

© Jo Diseviscourt
d’Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez (Foto: Jo Diseviscourt)

An där Phas soll de breede Public consultéiert ginn. Dofir hätt een elo de Site www.schwätzmat.lu an d’Liewe geruff, wou jiddereen, vun e Méindeg un, 500 Zeechen huet fir seng Iddien iwwer méiglech Ännerungen um Pensiounssystem der Ministerin matzedeelen.

Bis Enn November wäert dee Site zougänglech sinn an och beispillsweis d’Gewerkschafte, grad wéi d’Vertrieder:inne vum Patronat. Déi hunn hir Postitioune scho méi laang kloer gemaach, weess och d'CSV Ministerin. Jiddereen hätt aner Léisungsvirschléi op den Dësch geluecht. Et wéilt een awer eng global Vu hunn, si geséicht déi Constaten deemno als Jalonen.

Zweet Phas kënnt nächst Joer

Ufank d’nächst Joer soll dann déi zweet Phas ufänken: D’Phase de dialogue. Do sollen Expertinnen a Experten sech iwwert déi online agereechten Äntwerten austauschen. Déi Expertinnen a Experte sinn aus der Sécurité sociale, der IGSS, dem STATEC an aus dem LISER.

"An datt den éischte Pouvoir am Land, dat sinn d'Deputéierte mat hire jeeweilege Parteien, déi dann do wäerte mat an d'Boot klammen."

Wéi et no där zweeter Phas, also am Fréijoer 2025, weider geet, dat wier nach net gewosst, esou d’Sozialministesch Martine Deprez. 

Wéi et no der zweeter Phas weidergeet wier iwwerdeems nach net gewosst, esou d’Martine Deprez. Wéi eng Positioun sech d’schwaarz-blo Regierung momentan éischter virstelle kéint, wier nach oppen, seet d’Sozialministesch.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft