Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng schwaach EU sicht no Äntwerten op den Donald Trump

EU Sommet

Eng schwaach EU sicht no Äntwerten op den Donald Trump

Op hirer leschter Reunioun virum Wiessel am Wäissen Haus hunn d’EU-Staats- a Regierungscheffe probéiert, hir Linn am Ëmgank mam neien amerikanesche President ze fannen. Wat koum bei den Diskussiounen eraus? Ee Réckbléck mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Mat wat ass ze rechnen, wann den Donald Trump nees d’Rudder am Wäissen Haus iwwerhëlt? Dat war d’Fro, déi sech ewéi ee roude Fuedem duerch d’Diskussiounen tëscht de Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner en Donneschdeg op hirem Sommet zu Bréissel gezunn huet. 

Engersäits wëll sech d’EU als méiglechst onofhängeg vun den USA opstellen, anerersäits ass ee sech bewosst, datt et wuel kaum ouni dee grousse Partner op där anerer Säit vum Atlantik geet.

Dorop huet virun allem och Wolodymyr Selenskyi gepocht, deen op en Neits als “special guest” op der Reunioun zu Bréissel derbäi war.

Wolodymyr Selenskyj: Ouni d’USA klappt et net

De Wolodymyr Selenskyj sot hie géif sech wënschen, datt den Donald Trump op senger Säit stéing. Ma un d’Adress vun der EU war et virun allem Message, datt een sech soll mat den USA eens ginn.

Den ukrainesche President huet souzesoen déi europäesch Aussoen doriwwer, datt d’EU muss selbstbewosst optrieden an a ville Beräicher méi onofhängeg funktionéieren, nees op de Buedem vun den Tatsaache gedréckt andeems hie ganz riicht eraus sot: D’Ukrain kann een eigentlech nëmmen zesumme mat den USA retten, an datt ouni d’Amerikaner:innen de Putin net ze stoppe wäert sinn.

EU-Ukrain: Realitéit entsprécht net Rhetorik

D’EU trëtt no baussen, dat gouf och elo nees schrëftlech an de Konklusioune vum EU-Sommet festgehalen, ganz gëeent par Rapport zur Ukrain op. Et ginn ëmmer nees déi nämmlecht Wierder gebraucht: Et ass vun engem onageschränkte Support Rieds vun “whatever it takes” - wat och ëmmer néideg ass, dat soll d’Ukrain kréien, fir dee Krich ze gewannen. D’Rhetorik bleift also déi nämmlecht. Virun allem d’Vertrieder:inne aus baltesche Länner awer weisen ëmmer nees drop hin, datt déi staark Wieder nach laang net ëmmer an Aktiounen ëmgesat ginn. Am richtege Liewe géif d’EU nach laang net dat alles un d’Ukrain ofliwweren, wat och versprach gouf. Dat sot zum Beispill och des Kéier de litauesche President Gitanas Nauseda.

Wat d’USA ugeet, do ass d’Rhetorik och déi, datt ee wëll un engem Strang zéien. Mee et presentéiert sech awer zum Deel ee ganz ënnerschiddlecht Bild an der EU. Et gëtt op d‘mannst zwou Regierungen, déi als carrement “Pro-Trump” gëllen. Fir de Rescht ass d’EU am gaangen no hirem Wee ze sichen. Och mat enger Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen, där nogesot gëtt, si géing net extra gutt eens gi mam Donald Trump. Am Contraire zum Jean-Claude Juncker, vun deem jo gesot gouf, d’Chimie tëscht deenen zwee hätt iergendwéi gestëmmt - wat och ëmmer dat heescht.

Däitsch-franséische Moteur ass aus

Vum berüümten däitsch-franséische Moteur schwätzt den Ament keen. Deem Moteur gëtt jo nogesot, e géing d’EU op Toure bréngen. En ass den Ament net nëmmen am Ralenti, ma ganz einfach ausgeschalt an dat mécht sech duerchaus bemierkbar.

D’Fro a wéi wäit een an esou engem Moment, wou béid Länner keng Regierung hunn, iwwerhaapt ka strategesch Diskussiounen an der EU féieren, huet de Premier Luc Frieden net esou gëlle gelooss. Et wier souwisou scho laang de Fall, datt déi zwee net méi immens gutt zesummeschaffen. An de Fait, datt dee Moteur net méi dréint, géif Länner ewéi Lëtzebuerg och d’Méiglechkeet aner Allianzen opzebauen, sou de Premier ouni do méi genee ze soen, wéi eng dat sinn.

Vill Luef fir den Antonio Costa

Et war deen éischte Sommet dee vum neien EU-Conseilspresident Antonio Costa geleet gouf. Dat koum gutt un.

Den Antonio Costa ass ugetruede mam Usproch, datt een op EU-Sommeten net méi sollt iwwert Kommae streiden, ma datt dat sollt eng Plaz sinn, wou d’Staats- a Regierungscheffe strategesch Diskussioune féieren.

Um Enn vun engem EU-Sommet gi jo ëmmer schrëftlech Konklusioune festgehalen. Si gi vun den Ambassadeure präparéiert, ma dat huet bis elo net verhënnert, datt um Enn um Niveau vun de Leaderen heiansdo nuechtelaang iwwert Detailer gestridde gouf.

Domat soll Schluss sinn, sou den Usproch vum neie portugisesche Conseilspresident an dat huet des Kéier geklappt. Et wier vläicht Ufängergléck, sou den Antonio Costa en Donneschdeg den Owend. De Luc Frieden war allzäit frou an huet dem Portugis Merci gesot, fir d’Aart a Weis, wéi hien dëse Sommet organiséiert huet.

Lauschterenplay_arrow