Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komplizéiert Koalitiounsgespréicher an Ostdäitschland

Däitschland

Komplizéiert Koalitiounsgespréicher an Ostdäitschland

An den dräi ostdäitsche Bundeslänner Sachsen, Thüringen a Brandenburg ass am September gewielt ginn. D'Sich no enger regierungsfäeger Koalitioun gëtt guer net esou einfach. D‘Walresultater ënnerscheede sech, bei der Sich no enger Koalitioun hu se awer alleguer eng Gemeinsamkeet.

auto_stories

1 min

De Landtag zu Brandenburg (Foto: picture alliance/dpa | Michael Bahlo)

Nämlech a Form vun enger Blockad, déi duerch d‘Resultat vun der AfD entstanen ass. Déi huet an den dräi Bundeslänner plus ou moins 30 Prozent vun de Stëmme kritt also och ronn een Drëttel vun de Sëtz an de Parlamenter.

Déi aner Parteien hunn also quasi kee Sputt méi, wat de Choix vun de Koalitiounspartner ugeet, wa si net mat der AfD koaléiere wëllen. Dat heescht, grouss Parteie wéi CDU an SPD kommen net laanscht de Bündnis Sarah Wagenknecht. Den nach jonken BSW ass elo Königsmacher.

Lauschtert dat ganz Gespréich mam Korrespondent Matthias Kirschplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft