Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Rekrutementscampagne: Verschidde Beräicher sollen ausgebaut ginn

Police

Nei Rekrutementscampagne: Verschidde Beräicher sollen ausgebaut ginn

Déi nei Rekrutéierungscampagne vu der Police gouf um Donneschdegmoien an der Police-Schoul um Findel virgestallt. D‘Police bräicht weider méi Leit, gouf do betount, fir méi present am ëffentleche Raum kënnen ze sinn, mee och an anere Beräicher, dorënner d‘Bekämpfung vun der Finanz- a Cyberkriminalitéit.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Police Logo | © picture alliance / BeckerBredel play_arrow
Foto: picture alliance / BeckerBredel

Schonn zanter 2019 gëtt bei der Police verstäerkt rekrutéiert. Um éischte Januar vun dësem Joer louch de Gesamt-Effektiv vun der Police bei 3.237 Leit.

Och Leit mat Beruffserfarung gi gesicht

De Minister Léon Gloden huet widderholl, datt fir d'Regierung "d‘Policepresenz ganz wichteg um Terrain" ass.

"Mir hunn decidéiert, datt mir d‘Rekrutementszuel vun 160 op 200 eropsetzen."

Déi allermeescht dovun an de Carrièren B1 an C1, a fënnef an deene méi héijen A1 Police-Karriären.

Fir genuch, an déi richteg Leit ze fannen, ginn elo fir d‘éischte Kéier och an de véier Regiounen (Zentrum, Süden, Norden an Osten) regional Rekrutements-Seancen organiséiert. All Kéiers vu 17 bis 20 Auer owes. D‘Police hofft, esou och Leit, déi schonn aner Beruffserfarung hunn, fir d‘Police ze intresséieren, esou den Directeur général adjoint Alain Engelhardt.

"Mir sinn ëmmer ganz frou, wann ee mat Beruffserfarung sech entscheet, bei d‘Police ze kommen, well si Erfarung matbréngen, an eng gewësse Maturitéit."

Proaktivitéit vun der Police judiciare soll verstäerkt ginn

De verstäerkte Rekrutements-Plang bei der Police huet schonn 2019 ugefaangen, ënnert dem deemolege Minister Henri Kox. Am Verglach zu deemools schaffen haut och ronn 1.000 Leit méi bei der Police. Mee, wéi de Generaldirekter Pascal Peters erkläert, sinn eréischt dëst Joer 90 sougenannte "netto Plazen“ bäikomm.

"Well mir haten Auslandsmissioune bäikritt, mir hunn um Flughafe misse verstäerken, etc, etc.. An do ass eigentlech de Netto Plus bis elo ni richteg bei de Bierger ukomm."

Wat vill Bierger:innen och net onbedéngt wëssen ass déi ëmmer méi wichteg Roll vum ziville Kader bei der Police, esou de Pascal Peters.

"Haaptsächlech Finanzkriminalitéit, Cyberkriminalitéit, IT, also Police technique a scientifique. Mir rekrutéiere quasi d‘ganzt Joer am ziville Beräich. An eleng dëst Joer hu mir 60 Leit an de Karriären am Zivil agestallt."

D‘Police soll ausserdeem méi present um Terrain sinn: "An dat kënne mir nëmme realiséieren, wa mir Leit an der Police astellen.", huet de Pascal Peters betount. Mee dozou géif net nëmmen d'Visibilitéit am ëffentleche Raum gehéieren, mee och d'Proaktivitéit vun der Police judiciare. Och déi sollt verstäerkt ginn. 

Intresséiert Leit kënne sech fir déi verschidde Carrièrë vun Enn Oktober bis Enn Dezember aschreiwen. Wa si ugeholl ginn, maachen si eng Formatioun vun 2 Joer an der Policeschoul. Een Infodag ass den 19. Oktober tëscht 14 a 17 Auer um Site vun der Policeschoul um Findel. 

Lauschterenplay_arrow

De Rick Mertens huet am Talk mam Pierre Reyland iwwert déi nei Rekrutementscampagne geschwat.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft