Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kommunalwalen a Polen: Regierungspartei fillt sech confirméiert

Polen

Kommunalwalen a Polen: Regierungspartei fillt sech confirméiert

Bei de Kommunal- a Regionalwalen a Pole gouf déi nationalkonservativ PiS de Prognosen no stäerkste Kraaft. Déi fréier Regierungs- an haiteg Oppositiounspartei kéim deemno landeswäit op ongeféier 34 Prozent vun de Stëmmen, virun der liberaler Biergerpartei vum Premier Donald Tusk, mat knapp 32 Prozent.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel

Zu Warschau gouf deen amtéierende Buergermeeschter Rafał Trzaskowski, deen der Partei vum Premier ugehéiert, am éischten Tour zeréckgewielt. Den Donald Tusk sot, d‘Walresultater wieren eng Confirmatioun fir de Programm vun där neier Regierung, d‘PiS schwätz hirersäits vun enger Walvictoire. Eng 29 Millioune Leit a Pole waren opgeruff ënner anerem d‘Buergermeeschteren an d‘Membere vun de 16 Regionalversammlungen a Polen ze wielen.