Wann am gréissten däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen gewielt gëtt, dann ass dat och ëmmer e Stëmmungstest fir de Rescht vun der Bundesrepublik. Datt d’CDU stäerkste Kraaft a Nordrhein-Westfalen ginn ass, spigelt zwar déi bundeswäit Sondagen erëm. Genee wéi d’SPD, déi mat ronn 22 Prozent dat zweetbescht Resultat gemaach huet, läit d’CDU awer däitlech iwwer hire bundeswäite Wäerter.
Nordrhein-Westfalen dat bevëlkerungsräichst Bundesland
Grousse Gewënner am Verglach zu de leschte Wale vun 2020 war déi rietsnational, an an Deeler rietsextrem, AfD. Si huet iwwer 11 Prozent zougeluecht a kënnt elo op ronn 16,5 Prozent vun de Stëmmen. Ofgestierzt si par contre de Bündnis 90/Die Grünen, si komme just nach op 11,5 Prozent.
Nordrhein-Westfalen ass mat iwwer 18 Milliounen Awunner:innen dat bevëlkerungsräichst Bundesland an Däitschland. D’Land huet bal 400 Stied a Gemengen. An 170 dovu wäerten elo Buergermeeschter:inne vun der CDU regéieren. D’SPD wäert der wuel ronn 80 stellen. 16 Buergermeeschterinnen a Buergermeeschter komme vum Bündnis 90/Die Grünen. D’AfD stellt, trotz hirem bis elo beschte Resultat a Nordrhein-Westfalen, kee Buergermeeschter.