arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland besuergt iwwer Konsequenze vun US-Douanestaxen

Wirtschaft

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Däitschland besuergt iwwer Konsequenze vun US-Douanestaxen

Och an Däitschland gëtt gefaart, datt déi US-amerikanesch Douanestaxen, déi haut a Kraaft trieden, d'Wirtschaft elle wäerten treffen. Besonnesch déi Entreprisen, déi e Groussdeel vun hirem Geschäft mat oder an Amerika maachen, melle Suergen un.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Bundeskanzler Friedrich Merz geet iwwerdeems dovun aus, datt d'Taxen och fir déi amerikanesch Wirtschaft virun allem negativ Konsequenze wäerten hunn.

Datt de Friedrich Merz e groussen Transatlantiker ass, ass wuelbekannt a gutt dokumentéiert. D'Douanestaxe vu 15 Prozent fir europäesch, also och däitsch Exporter an d'USA, gesäit hien deementspriechend kritesch. Hie geet dovun aus, datt déi Taxen der däitscher Wirtschaft wäerte schueden an datt se och den transatlanteschen Handel wäerte beaflossen.

Däitsch Autoe wäerte méi deier ginn

Besonnesch haart treffen d'Douanestaxen déi däitsch Autosindustrie. 3,4 Milliounen Autoen hu VW, Porsche a Co. d'lescht Joer an d'USA exportéiert. Gesamtwäert: 135 Milliarden Euro. De Präis vun all däitschem Auto kéint an den USA domat ëm e puer Dausend Euro klammen.

Donieft sinn awer och d'Pharmaindustrie an d'Maschinnebauer betraff: Déi zwou Branchen exportéiere jeeweils Gidder am Wäert vu bal 30 Milliarden Euro d'Joer an d'USA.

Merz: Net am Interesse vun den USA

Fir de Bundeskanzler Merz ass kloer, datt een d'Follge vun dëser Handelspolitik och an den USA wäert spieren a se wier net am Interesse vun den USA selwer.

Den Deal, deen haut also a Kraaft trëtt, gëtt den däitschen Entreprisen awer keng laangfristeg Sécherheet. Dat geet aus engem Sondage vun der däitscher Industrie- an Handelskammer ervir. Bal 60 Prozent vun den iwwer 3.000 Entreprisen, déi beim Sondage matgemaach hunn, fäerten, datt an Zukunft weider Douanestaxe kéinten op Däitschland duerkommen. Just 5 Prozent vun den Entreprisë gesinn d'Taxe positiv.

play_arrow Lauschteren