Viru senger Zäit als Bundeskanzler hat de Friedrich Merz dat nach vehement ofgeleent.
"Onverantwortlech" huet de Friedrich Merz et nach Enn lescht Joer fonnt, iwwer eng Participatioun vun der Bundeswehr an der Ukrain ze schwätzen. Elo huet de Friedrich Merz e méiglechen Asaz vun däitschen Zaldoten an der Ukrain selwer op d'Agenda geholl. No de Gespréicher zu Washington lescht Woch sot den däitsche Bundeskanzler, datt een d'Envergure vun de Sécherheetsgarantien elo an Europa misst beschwätzen.
Auslandsasaz vun der Bundeswehr onbeléift
Wann de Friedrich Merz am Kontext vun der Arméi iwwer méiglech Decisioune vum Bundestag schwätzt, dann ass dat brisant. Well en Asaz vun der Bundeswehr, iwwer deen d'Parlament muss ofstëmmen, heescht: Et ass en Asaz am Ausland. D'Bundeswehr ass nämlech eng Parlamentsarméi.
Bis et esou wäit wier, misst natierlech nach vill geschéien - un éischter Linn e Fridden an der Ukrain. Mee d'Diskussioun ass an Däitschland lancéiert, well en Asaz vun der Arméi an der Ukrain bei der Populatioun wuel zimmlech onbeléift wier.
Net konsequent ausgeschloss
De sächsesche Ministerpresident Kretschmer, ëmmerhi Parteikolleeg vum Friedrich Merz, ass géint esou en Asaz: Däitsch Zaldotinnen an Zaldoten an der Ukrain dierfte keen Theema sinn, sot hien dem SPIEGEL.
Den Defenseminister Boris Pistorius vun der SPD wëllt ofwaarde bis kloer ass, wéi d'Sécherheetsgarantien ausgesinn. Eng däitsch Bedeelegung huet hien - wéi och den SPD-Chef Lars Klingbeil - bis elo awer net konsequent ausgeschloss.