De Méindeg hat de Journal, datt d’Direktioun vum Konsumenteschutz iwwert en nationale Reparaturbonus géif nodenken. Sou, wéi et och am Koalitiounsaccord ugekënnegt ass.
Den éischte Sondage, deen zesumme mam Syvicol duerchgefouert gouf, wier Enn lescht Joer ofgeschloss ginn.
Nom éisträichesche Modell
Ee Véierel bis een Drëttel vun de Gemengen hätt scho finanziell Ureizer fir Reparature geschaf, erkläert de Marc Fischer.
"D’Promotioun vun der Reparatur, déi op kommunalem Niveau gemaach gëtt, déi ass oft zimmlech änlech am Opbau. Also och zimmlech änlech wei een éisträichesche Modell, wou et einfach e Bong gëtt oder e Remboursement, deen awer dann ënnerschiddlech ass an der Héicht vum Montant oder fir wat fir eng Apparaten et ginn."
An Éisträich gëtt et d’Méiglechkeet vun engem Bong, deen ee beim Bezuele vun enger Reparatur aléise kann. Duerno kritt ee bis zu 200 Euro jee no Reparatur zréck iwwerwisen. Och an Éisträich huet een op kommunalem Niveau, a Stied wéi Graz oder Wien ugefaangen, éier et landeswäit ëmgesat ginn ass. Dee Reparaturbonus ass deelweis vun der EU finanzéiert.
Dofir géif Lëtzebuerg grad Erfarungswäerter vun den Éisträicher sammelen. Déi Analys wier awer nach net ofgeschloss, esou de Marc Fischer.
Zil ass e Bewosstsinshandel
Zil wier et, Produiten esou laang ze notzen, wéi se nach gutt sinn, mengt de Marc Fischer nach weider. An dozou géif och mol eng Reparatur gehéieren.
"Et geet jo engersäits drëm, opmierksam ze maachen, datt et eng Méiglechkeet ass, och vun der Erspuernis, dass et e Bewosstsinswandel ka sinn zu engem méi responsabele Konsum, datt ma vun Aarbechtsplazen, Handwierk an Know-How schwätzen, datt ma natierlech och Ressourceschounung maachen, duerch Klimaschutz a Vermeidung vun Elektroschrott, an natierlech herno och eng Kéier Datenerhiewungen kënnen hunn, fir da mat engem éischte Modell nach besser Usätz kënnen ze fannen."
D’EU-Direktiv gesäit awer och vir, datt d’Hiersteller sollen op hir Reparaturleeschtungen opmierksam maachen an och eng Präislëscht féieren, an där d’Präisser vun de gängegste Reparature festgehale sinn.