Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Escher Koaltioun denkt iwwer Alternativ fir Sportmusée a Sportarena no

Escher Gemengerot

Escher Koaltioun denkt iwwer Alternativ fir Sportmusée a Sportarena no

Am Escher Gemengerot gouf et haut Erklärungen zum Projet fir de Sportmusée an d'Sportarena, dat op Ufro vun der LSAP. Zanter Mëtt Juni ass jo bekannt, datt déi net op Esch-Lankelz kommen, wou si u sech geplangt waren. Déi Zon, op déi si sollte kommen, dierf nämlech net bebaut ginn. 

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

D'LSAP-Gemengeconseillère Liz Braz ass der Meenung, datt den Escher Sport eng weider Haal bräicht, mee elo géif ee mat eidelen Hänn do stoen. Den Ex-Buergermeeschter an elo Minister Georges Mischo hätt zanter 2022 gewosst, datt näischt doraus géif ginn.

Kritik aus der Oppositioun

Virun deem Hannergrond géife sech e puer Froe stellen. 

“Vu datt hei wuel en neien Avenant muss ausgehandelt ginn, wäert ee sech hei kënnen eens ginn, ouni de Präis vun der Hal elo erëm an debil Sphären ze drécken? Ass d’Tracol iwwerhaapt nach ëmmer gewollt, mat der Escher Gemeng ze schaffen, fir dës Hal ze bauen?”

Der Liz Braz no hätt de Georges Mischo d’Leit geblennt, fir seng eege politesch Agenda duerchzedrécken.

Dem Marc Baum vun déi Lénk no sinn d’Arena an de Musée symptomatesch fir Escher Dysfonctionnementer. Aus enger Hal wär op eemol eng Sportarena an dono eng Arena plus Musée ginn:

"An eraus kënnt: finalement net vill fir eis Sportsclibb. Doduerch, datt d’Stad Esch immens grouss denkt, verfeelt se awer, mengen ech, ganz dacks déi eigentlech Besoinen."

Et géif ee probéieren, sech mat Ambitiounen ze presentéieren, déi de Realitéiten net entspriechen, woubäi fundamental Saache feelen, sou de Marc Baum, dee sech méi Pragmatismus wënscht a manner Megalomanie.

Problem läit bei der Autobunnsbrëtell

Den CSV-Schäffen André Zwally huet betount, datt d’Zon, déi net däerf bebaut ginn, 2017 scho bekannt gewiescht wier, an am Dezember 2022 hätt de Verkéiersministère en negativen Avis ginn. Deemno hätt déi viregt Regierung hiren eegene Projet gestoppt. Ee Projet, bei deem ee bis elo konnt dovun ausgoen, datt eventuell eng Léisung unzestriewe wier, sou den André Zwally.

"Deen deemolege Buergermeeschter a Sportschäffen huet och Ufank 2023 nach probéiert, d’Gespréich ze sichen: Du koum de Start vun de Walcampagnen an d’Waljoer.”

D’Arena an de Musée wieren zu Esch-Lankelz net zesumme méiglech, sou datt een iwwer eng Alternativ nodenkt, sot nach den André Zwally. An de grénge Schäffe Meris Sehovic huet betount, datt de Problem bei der Brëtell vun der Autobunn erof läit.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft