Fir si sinn nämlech eng Partie Froen onbeäntwert bliwwen, nodeems Reporter.lu iwwert ee fréiere Beamte bericht huet, deen ëffentlech Ausschreiwunge fir d’Schoulkantinne wärend bal 20 Joer soll manipuléiert hunn. Hien hätt sech Consultatioune vun enge 35 Gemenge bezuele gelooss, fir déi et guer keng legal Basis an och keng Autorisatioun gouf.
Tëschent 2015 an 2017 war et zu enger Partie Recadrementer komm, sot den LSAP-Buergermeeschter. Déi Demarchen hätten dem Dan Biancalana no dozou gedéngt, eng disziplinaresch Prozedur kënnen anzeleeden.