arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemeng Schengen mécht keen Appell géint Urteel: Et wéilt een dem Sträit en Enn setzen

Sträit mat Architektebüro

|
headphones

1 min

Gemeng Schengen mécht keen Appell géint Urteel: Et wéilt een dem Sträit en Enn setzen

D’Schengener Gemeng geet am zivilrechtleche Volet vun hirem juristesche Sträit mam Architektebüro Valentiny net an Appell géint d’Urteel vum Stater Geriicht.

headphones

1 min

© picture alliance / ZB | Sascha Steinach
(Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)

Am Januar 2026 hat d’Geriicht dem Büro Schuedenersatz an Héicht vun 180.000 Euro zougesprach, well d’Gemeng Schengen zwee Kontrakter mam Architektebüro gekënnegt hat, wat de Schoulcampus Baggerweier zu Rëmerschen ugeet.

Hoffnung op Enn vum Sträit

Et wéilt een dësem Sträit en Enn setzen, heescht et an engem Schreiwes vun der Gemeng, obwuel een d’Analys vum Geriicht net deele géif.

Dowéinst géif een op en Appell verzichten, fir de Fall, datt d’Géigesäit dat och mécht.