arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Disziplinarstrof fir Direkter vum Clierfer Lycée an éischter Instanz bestätegt

Justiz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Disziplinarstrof fir Direkter vum Clierfer Lycée an éischter Instanz bestätegt

No engem Urteel vum Tribunal administratif bleift et bei enger Disziplinarstrof géint de Jean Billa, suspendéierten Direkter vum Clierfer Lycée. Am Oktober 2023 hat den DP-Educatiounsminister Claude Meisch décidéiert, datt nieft senger Suspensioun och eng Geldstrof sollt gesprach ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Jean Billa hat am November 2023 Recours dogéint ageluecht. De Conseil de discipline vun de Statsbeamten hat dës Geldstrof am Januar 2024 confirméiert. Am Abrëll 2024 war de Jean Billa dunn dowéinst op d’Verwaltungsgeriicht gaangen.

Vulgäre Commentaire wier onwierdegt Verhalen 

Dem Ex-Lycéesdirekter war virgehäit ginn, am Dezember 2022 op de Soziale Medien e vulgäre Commentaire an och sexuell konnotéiert Fotoe vu senger Fra publizéiert ze hunn. Donieft hat hie sech do averstane gesot mat engem allgemenge Wafferecht wéi an den USA a fonnt, datt esou eent och hei am Land sollt gëllen.

De Riichtere vum Tribunal administratif no hätt de suspendéierte Lycéesdirekter dee Commentaire an déi Fotoen an ëffentleche Gruppe publizéiert.

Obwuel de Jean Billa déi betraffe Contenue geläscht an domat e Feelverhalen agesinn hätt, wieren déi Publicatiounen a sengen Aen awer och falsch verstane ginn an duerch säi Recht op Meenungsfräiheet gedeckt.

Fir den Tribunal hätt den Ex-Direkter den Eescht vun der Lag wuel awer net ganz verstanen an de Conseil de discipline dofir zu Recht en onwierdegt Verhalen zeréckbehalen.

Ee Fënneftel vun der Bruttopai wier gerechtfertegt

Dem Jean Billa säi vulgäre Commentaire beispillsweis wier net ugemooss a seng Aussoen zu engem allgemenge Wafferecht zu Lëtzebuerg wieren net sarkastesch gemengt gewiescht, soudatt de Conseil de discipline richteg geleeën hätt, wéi en d’Geldstrof vun engem Fënneftel vun der Bruttopai confirméiert hat, déi de Minister Meisch decidéiert hat.

Déi éischt Riichtere betounen nach, datt sech e Statsbeamten a féierender Positioun zeréckhalend äussere misst.

De strofrechtleche Volet géint de Jean Billa wéinst illegalem Waffebesëtz ass an der Tëschenzäit ofgeschloss.

Verstéiss géint Drogegesetz ad acta geluecht

Am Dezember war en zweet Urteel gesprach ginn. Dee Moment koum et op der Cour d’appel zu enger Suspension du prononcé. Deemno gouf festgehalen, datt wuel Feeler geschitt sinn, mee et gouf dofir keng Strof gesprach. 

Iwwerdeems ass en Dossier, wat e méigleche Verstouss géint d’Drogegesetz ugeet, ad acta geluecht ginn, wougéint en Dossier a Saache Verontreie vun ëffentleche Suen nach an der Instruktioun ass.

play_arrow Lauschteren