arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pensiounssträit Kartheiser: Verwaltungsgeriicht muss sech op en Neits domat befaassen

Justiz

|
headphones

1 min

Pensiounssträit Kartheiser: Verwaltungsgeriicht muss sech op en Neits domat befaassen

De juristesche Sträit ëm Pensiounsuspréch vum Fernand Kartheiser geet an eng nächst Ronn. Nodeems den Europadeputéierte viru sechs Méint um Tribunal administratif Recht kritt hat, huet d’Cour administrative d’Affär elo an déi éischt Instanz zeréckgeschéckt.

headphones

1 min

Deemno musse sech d’Riichtere vum Tribunal administratif nach emol mam Sujet befaassen.

Am Sträit tëscht dem ADR-Politiker an dem Ministère vum ëffentlechen Déngscht geet et ëm Uspréch aus der Fonctionnaireskarriär vum Fernand Kartheiser. An der Zäit vu sengem nationalen Deputéiertemandat wier hien net an d’Déngschtgrade 17 an 18 komm.

Eischt Instanz wuel awer zoustänneg 

Den ADR-Politiker hat argumentéiert, dat géif sech negativ op seng Pensioun auswierken. Den deemolegen DP-Fonction-publique-Minister Marc Hansen hat eng entspriechend Demande vum Fernand Kartheiser zeréckgewisen. Dogéint war deen op den Tribunal administratif gaangen, an do war d’Entscheedung vum Minister annuléiert ginn.

Déi zweet Riichteren hunn elo an hirem Urteel festgehalen, datt sech déi éischt Instanz zu Onrecht inkompetent erkläert hätt, wat e “Recours en réformation” ugeet, well deen awer bei Pensiounsfroe virgesi wier, misst sech den Tribunal och domat befaassen.