Et handelt sech ëm en 59 Joer alen italiéinesche Staatsbierger, deen an der Stad gewunnt huet. De Fliger wier bei der Landung zu Zell am See, an e Feld nieft der Landepist erofgefall. E war a Bosnie gestart a wollt an Éisträich tëschelanden, fir da weider op Lëtzebuerg ze fléien. D‘Ursaach vum Accident ass nach onkloer.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Klenge Fliger um Wee op Lëtzebuerg ofgestierzt
Zell am See
Klenge Fliger um Wee op Lëtzebuerg ofgestierzt
Um Dënschdegmëtten ass e klenge Fliger, deen zu Lëtzebuerg ugemellt war, erofgefall. Wéi déi lokal Police Salzburg op Nofro hi confirméiert huet, ass de Pilot dobäi ëm d‘Liewe komm.
auto_stories
1 min

Klenge Fliger aus Lëtzebuerg ofgestierzt (Foto: Freiwillige Feuerwehr Zell am See )