Um Virowend vum EU-Sommet huet de franséische President Emmanuel Macron sech an enger Televisiounsusprooch un d'Natioun adresséiert. De Macron huet viru Russland gewarnt, um transatlantesche Bündnis festgehalen an néi Mesuren annoncéiert, fir déi national an europäesch Sécherheet ze stäerken.
Dat franséischt Vollek wier beonrouegt, sot den Emmanuel Macron um Mëttwochowend op France 2 an dat zu Recht. Wéinst der russescher Menace dierft een net einfach nokucken.
Europäesch Sécherheet net ouni Europa
Mat Bléck op d'USA sot de Macron, et kéint een déi europäesch Sécherheet net zu Washington decidéieren, dofir missten d'europäesch Länner Eegeverantwortung iwwerhuelen, Frankräich wäert dat mat Investissementer a seng Verdeedegung maachen - ouni Steiererhéijungen.
Sollt e Friddensaccord an der Ukrain stoen, da kéint een europäesch Friddenstruppen dohi schécken, esou de Macron.
Stroftaxen net ouni Géigereaktioun
Och déi amerikanesch Pläng fir Stroftaxen op europäesch Produiten huet de Macron ugeschwat. Hie sot esou eng Mesure géing net ouni Géigereaktioun bleiwen, mee hie wier nach optimistesch den US-President Donald Trump vun dëser Iddi ofzebréngen. No der Usproch hat de Macron nach den ungaresche Premier Viktor Orban op Besuch am Elysée. Dësen ass jo Russland- an Trump-frëndlech.
Wéi eng Roll spillt den Emmanuel Macron bei der europäescher Defense?