Radioen

On air

Notturno  |  Jaunt - Holding On To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Belarussesche Staatschef wëll Friddensverhandlungen zu Minsk organiséieren

Krich an der Ukrain

Belarussesche Staatschef wëll Friddensverhandlungen zu Minsk organiséieren

De Kreml geséich d‘Méiglechkeete fir Friddensverhandlunge mat der Ukrain unzefänken positiv, sou de Moien d‘Reaktioun vu Moskau. De belarussesche Staatschef Alexander Lukaschenko bréngt sech an d'Verhandlungen tëschent der Ukrain a Russland an d'Spill. Hien proposéiert d'Friddensverhandlungen zu Minsk ze organiséieren.

auto_stories

1 min

Wolodymyr Selensky an Donald Trump | © picture alliance / ROPI | POU
Wolodymyr Selensky an Donald Trump (Foto: picture alliance / ROPI | POU)

Den Donald Trump sot, hien hätt e Bréif vum Wolodymyr Selenskyj kritt, an deem den ukrainesche President sech bereet erkläre géif fir zeréck un de Verhandlungsdësch ze kommen. Dat sot den Donald Trump a senger éischter Ried virum Kongress a senger neier Amtszäit.

Am Bréif géif de Selenskyj schreiwen, d'Ukrain wier bereet, ënner der Leedung vun den USA e Fridde mat Russland auszehandelen. Gëschter um Dënschdeg hat den ukrainesche President eng Wafferou an der Loft an um Waasser proposéiert, fir mat Friddensverhandlungen unzefänken.

Éischt Ried am Kongress vum Donald Trump

"Amerika wier nees do" war deen allgemengen Haaptmessage vum President Trump senger Ried. Hien hätt a sechs Woche scho méi erreecht, wéi anerer a véier Joer, an dat wier eréischt den Ufank, esou den Donald Trump. Hien huet weider Douanestaxen annoncéiert. Déi sollen den 2. Abrëll a Kraaft trieden, ënner anerem op den Importer vun Autoen an d'USA. Dovu wäert och d'EU betraff sinn. 

Um innepolitesche Plang huet den Trump ënner anerem déi ëmstridde Spuermesurë vum Elon Musk gelueft. Deen nei Büro ënner senger Leedung mam Numm Doge hätt schonn iwwer 100 Milliarden Dollar agespuert.