Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bleu Nuit - Oblivion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Portugal kéint et zu Neiwale kommen

Premier Montenegro wëllt d'Vertrauensfro stellen

A Portugal kéint et zu Neiwale kommen

A Portugal kéinten et virgezunnen Neiwale ginn. Et wieren dann déi drëtt bannent dräi Joer. De konservative Premier Luís Montenegro huet annoncéiert, d'Vertrauensfro am Parlament wëllen ze stellen. Dat kéint den nächste Mëttwoch sinn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz)

Sollt et dozou kommen, gëllt de Stuerz vu senger minoritärer Regierung als warscheinlech. D'Oppositioun geheit dem Montenegro Interessekonflikter vir. Et geet ëm eng Firma, déi senger Famill gehéiert.