Dës Arees-Autorisatioun gëtt den 2. Abrëll obligatoresch, also a ronn engem Mount. Vun haut u kann een dës digital Autorisatioun schonn ufroen.
Si kascht ëmgerechent 12 Euro, mee soll spéider op 19 Euro klammen. Et muss ee Froe beäntwerten, Detailer iwwer Adress an Aarbecht ginn, a Fotoe vum Pass a vum Gesiicht eroplueden. Wann dat alles klappt, ass déi Autorisatioun dann zwee Joer laang gülteg.