Radioen

On air

Notturno  |  Talking Heads - The Big Country

play_arrow Live
search

/ Kläppereien zu Esch an um Hamilius an der Stad

Police

Kläppereien zu Esch an um Hamilius an der Stad

An engem Lokal zu Esch an um Hamilius an der Stad koum et gëschter Owend zu Kläppereien. Zwou Persoune missten an d'Spidol bruecht ginn.

auto_stories

1 min

Police | © Frank Hoermann / SVEN SIMON
Police (Foto: Frank Hoermann / SVEN SIMON)

Bei der Kläpperei zu Esch missten zwou Persoune mat Blessuren an d‘Spidol ageliwwert gin, eng dervunner gouf duerch Glasschierbele méi schro blesséiert.

D‘Police huet eng Enquête an d‘Weeër geleet.

Eng Kläpperei war et dann och hënt beim Hamilius, do hat eng Persoun en Taser derbäi. D‘Police konnt de Mann no kuerzer Poursuite festhuelen an den Taser confisquéieren. De Mann hat kuerz virdrun an engem Geschäft zwou Fläsche Wäi geklaut.