Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Specials - Ghost Town

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Terrorattack zu Mulhouse: Areesbedéngunge fir Algerier kéinte verschäerft ginn

Frankräich

No Terrorattack zu Mulhouse: Areesbedéngunge fir Algerier kéinte verschäerft ginn

No der presuméierter Terrorattack zu Mulhouse fuerdert elo de franséischen Inneminister Bruno Retailleau méi streng Mesuren. Den Täter huet gëschter um Samschdegnomëtteg e Foussgänger erstach an op d'mannst dräi Poliziste blesséiert, ier hie verhaft gouf.

auto_stories

1 min

Police Frankräich  | © picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth
Police Frankräich (Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth)

De presuméierten Täter, e 37-järegen Algerier, hätt u sech sollten expulséiert ginn, mee Algerien hätt 10 Mol refuséiert, hien opzehuelen, sou de franséischen Inneminister, deen elo mat méi strengen Areesbedéngunge fir Algerier dreet.

De Mann ass a Frankräich scho wéinst Verherrlechung vum Terrorismus verklot ginn. D'Autoritéite gi vun engem islamisteschen Hannergrond aus.