Radioen

On air

Thé Dansant  |  Johnny Cash: Unearthed Music (Cd 3/5) (& Strummer, Joe) - Redemption Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Vatikan mellt eng nei Verschlechterung vum Poopst sengem Gesondheetszoustand

Asthmaähnlechen Otemkrisen

De Vatikan mellt eng nei Verschlechterung vum Poopst sengem Gesondheetszoustand

Wéi de Vatikan gëschter um Samschdegowend matgedeelt huet, huet sech de Gesondheetszoustand vum Poopst François weider verschlechtert. Den 88 Joer ale Pontifex ass zënter iwwer enger Woch am Spidol zu Roum mat enger béidsäiteger Longenentzündung.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ipa-agency | Stefano Ronchini
(Foto: picture alliance / ipa-agency | Stefano Ronchini)

Wéinst asthmaähnlechen Otemkrise misst hien elo mat héichkonzentréiertem Sauerstoff versuergt ginn a krut och Blutttransfusiounen, heescht et nach vum Vatikan, dee seng Lag als "kritesch“ beschreift. Hie soll awer eng "roueg Nuecht“ gehat hunn, heescht et nach haut de Moien.

Virum Spidol zu Roum hu sech eng Partie Gleeweger versammelt, fir dem Poopst hire Support ze weisen.