Et ass dee leschten ëffentlechen Optrëtt vum däitsche Kanzler Olaf Scholz. Dee mécht hien a sengem Walkrees zu Potsdam, der Haaptstad vum Bundesland Brandenburg.
Déi grouss Hoffnung: Déi, déi nach net decidéiert sinn
Et si gutt 200 Leit, déi sech an d’Schinkelhalle zu Potsdam deplacéiert hunn. Et ass kee Massenundrang, jidderee fënnt ouni Problem eng Sëtzplaz. Déi meescht vun hinne kennen déi lescht Ëmfrozuelen a wëssen, datt déi net all ze gutt fir d’SPD ausfalen. Deementspriechend gëtt et bei villen virum allem eng Erwaardung fir dëse leschten Optrëtt vum Kanzler am Walkampf: "Ich erwarte mir eine spannende knackige Rede, wo er die Untentschlossenen mit nimmt."
Den Olaf Scholz gëtt sech no beim Bierger, déi mat ville Froen aus engem breede Spektrum komm sinn. De Kanzler äntwert a senger gewinnt onopgereegter Manéier.
Groko als realisteschst Méiglechkeet?
Den Numm Friedrich Merz nennt hien net eng Kéier, üübt awer indirekt eng liicht Kritik un deem sengem Verhalen am Bundestag, wou hien eng Resolutioun zur Ofstëmmung bruecht huet, zu där déi rietsradikal AfD Jo sot. Dat hätt net dierfe geschéien, sou den Olaf Scholz
"Jetzt ist es doch geschehen. Und man fragt sich, wofür der Wortbruch, wofür dieser Tabubruch?"
Wéi warscheinlech also ass eng Koalitioun mat deem Friedrich Merz, deen dësen Tabubroch begaangen huet?
"Ich stelle es mir schwierig vor mit Herrn Merz zu regieren", seet eng Biergerin. Ënner de Leit am Sall ass eng “Groko”, eng Koalitioun tëscht SPD an CDU, also eng Zesummenaarbecht mam Friedrich Merz, net grad beléift.
D’Noutwennegkeet, Kompromësser ze maachen
D’Fro, ob hie sech virstelle kann, zesumme mam CDU-Chef ze regéieren, beäntwert den Olaf Scholz no der Veranstaltung esou:
"Selbsterverständlich bleibt es in Zukunft in Deutschland schwierig, Regierungen zu bilden. Wir haben drei Jahre lang Kompromisse geschlossen. Das wird wohl auch künftig nötig sein."
Alles an allem gëtt sech den Nach-Kanzler Scholz ganz zouversiichtlech.
"Ich hoffe, dass dieses Wahlergebnis anders ausgeht, als einige es schon lange vorher gesagt haben. Nun ist es beim letzten Mal schon gelungen, dass ich gewonnen habe, obwohl viele dachten, geht ja gar nicht. Ich will’s wieder machen."
Eng Hoffnung, déi ënner de Leit, déi an d’Schinkelhalle zu Potsdam derbäi waren, wuel gedeelt gëtt. “Ich glaube fest daran, dass die SPD gewinnen wird”, sou eng Studentin.