Radioen

On air

Simon Says  |  Nighttrain - Hallo Bimmelbahn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat onerwaart Erwäche vun Die Linke

Walkampfofschlossan Däitschland

Dat onerwaart Erwäche vun Die Linke

Eng vun den Iwwerraschungen am däitsche Walkampf ass de Succès vun Die Linke. D’Partei hat nach ni esou vill Memberen ewéi lo. De Sondagen no ass si, entgéint den Erwaardungen nach virun e puer Méint, nees am neie Bundestag vertrueden.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

De Jan van Aken an d'Heidi Rechinnek. | © picture alliance/dpa | Carsten Koall play_arrow
De Jan van Aken an d'Heidi Rechinnek. (Foto: picture alliance/dpa | Carsten Koall)

Vill Leit hate si schonn ofgeschriwwen. An de leschten Ëmfroen awer hätt d’Partei, d’Bündnis vun der prominenter Sahra Wagenknecht, iwwerholl a géif et am Contraire zu hirem Konkurrent nees packen, an de Bundestag ze kommen.

Dausende vu Leit sinn an de leschte Wochen der Partei bäigetrueden. Nach ni hat Die Linke esou vill Memberen ewéi elo.

Euphoresch Stëmmung am “Kosmos” zu Berlin

Op der Ofschloss-Veranstaltung vum Walkampf zu Berlin war d’Stëmmung deemno gutt, bal schonn euphoresch.

“Herzlich willkommen zum Come-back des Jahres” steet op der grousser Leinwand hannert der Bün.

Déi hënnescht Stullreien am Kosmos an der Karl-Marx-Allee hu missen ewech geraumt ginn, fir datt déi Honnerte vu Leit, meeschtens Jonker, déi dobausse virun der Dier an enger kilometerlaanger Schlaang stoungen, nach erakoumen.

D’Tille, 18 Joer al, ass och mat ee puer Frëndinnen dobäi. Si gehéiere scho virun de Rieden zu den Iwwerzeegten.

"Es ist schon so ein kleiner Fan Girl Moment heute hier zu sein, vor allem wegen Heidi Reichinneck. Also ich bin schon ein grosser Fan, wenn ich ehrlich bin."

Groussen Zoulaf no Merz-AfD-Ofstëmmung am Bundestag

D’Heidi Reichinnek ass Spëtzekandidatin vun Die Linke, si genéisst den Optrëtt op der Bün, schwätzt fräi, wierkt frësch, engagéiert.

“Es ist schön, Euch alle zu sehen. Zu sehen, dass wir wieder einen Saal voll bekommen haben. Daran war vor ein paar Monaten noch gar nicht zu denken.”

De Mietendeckel, méi Plazen a Crèchen, besser Aarbechtskonditiounen, manner Steieren, ee Recht op Asyl: Die Linke deckt ee breede Repertoire of.

Dee ganz groussen Zoulaf koum, nodeems de Friedrich Merz eng Ofstëmmung am Bundestag zesumme mat der AfD gewonn huet. Si géif dem CDU-Politiker awer net Merci dofir soen, seet d’Heidi Reichinnek.

“Ich bin dankbar, dass wir als Linke ein starkes Bollwerk sein konnten, dass ich stolz sagen konnte: wir alle sind die Brandmauer und wir sagen kein Milimeter den Faschisten, keinen einzigen mehr.”

Die Linke wëll sech mat Räichen uleeën

De Co-Spëtzekandidat kënnt mat engem einfache Message: "Meine Name ist Jan van Aken und ich finde, es sollte keine Milliardäre geben."

D’Muecht muss vum Vollek ausgoen. Die Linke wëll sech mat deene Räichen uleeën. Si wëll veränneren. Solle si och mat an eng Regierung? D’Tille huet dozou eng kloer Meenung.

"Definitiv. Ich bin voll dafür. Ich glaube, die Linke kann sehr gut mit regieren, sehr viel und Gutes verändern zum Wohle der Gesellschaft."

“Silberlocke” als Ofschloss

D’Bündnis Sahra Wagenknecht wier iwwregens fir si keng Optioun.

"Niemals! Einfach, weil es so paradox ist, dass Sahra Wagenknecht Ansichten hat, die ursprünglich von der Linken kommen, Sie aber dann halt im rechten Sinne ausnutzt, was halt einfach nicht geht."

De Succès verdankt Partei dem Tille no Videoen op TikTok an Instagram, ausserdeem gouf un iwwer 500.000 Hausdiere geklappt.

Am Kosmos gëtt um Schluss net wéi fréier, d’Internationale gesong, mat der Fauscht an der Luucht. Et kënnt awer een ale Bekannten op d’Bün, deen een hei “Silberlocke” nennt, an dee sech iwwer den neien Zoulaf freet.

"Wir haben, das ist traurig, 200 Mitglieder verloren, aber über 20.000 gewonnen."

Hoffnung, datt Sondagë Realitéit ginn

Iwwer 90.000 Memberen zielt Die Linke elo. Dat sinn der esou vill ewéi nach ni.

D’Hoffnung, een Dag virun der Wal, ass, datt jidderee vun hinnen nach e puer Leit urifft, a si iwwerzeegt, e Sonndeg Die Linke ze wielen, fir datt aus de positive Pronosticken effektiv ee Resultat iwwer fënnef Prozent gëtt.

Lauschterenplay_arrow