De Quadrell, déi grouss TV-Debatt tëschent de Kanzlerkandidate vun de véier stäerkste Parteien, war scho bal eriwwer, do huet de Robert Habeck et dann awer eng Kéier misse soen: "Wie stehen wir zur Einhaltung der Klimaschutzziele und sind wir bereit dazu, dafür zu arbeiten."
CDU/CSU: Manner Verbuet, méi Fräiheet fir de Bierger
D'Klimapolitik war am däitsche Walkampf praktesch keen Theema, obwuel sech d'Klimakris iwwer déi lescht Joren och a Westeuropa zougespëtzt huet an d'wirtschaftlech Schied, zum Beispill duerch Iwwerschwemmungen, Joer fir Joer méi héich ginn. De Grond? D'Theema wier fir de Walkampf einfach net attraktiv, seet de Pit Steffen, energiepolitesche Beroder zu Berlin.
"Souguer déi Gréng hu gemierkt, datt et een Theema ass, wat immens emotionaliséiert, doduerch datt et oft ëm Verbuet geet. Et geet oft dorëm, datt d'Bevëlkerung sech muss iergendwéi aschränken, an dat zitt halt net gutt."
An de leschte Méint huet de Pit Steffen d'Positioune vun de Parteien zum Klimaschutz an an Energiefroen analyséiert. Den Trend géif bei enger Rëtsch Parteien, zum Beispill bei der Unioun, zu manner Verbuet a méi individueller Fräiheet goen.
"Si soen, si wëllen net als Regierung, als Staat, de Wee virginn, wéi eng Technologie lo genau soll wou agesat ginn. Am Géigesaz zu de Gréngen, déi soen, mir wëllen op erneierbar Energië setze wéi Wind- oder Solarenergie. Genau esou fir d'Unioun dann och bei den Heizungen. Si soen, wann d'Leit denken, datt fir si Gas- oder Ölheizungen nach besser sinn, da wëlle si dat engem net verbidden."
Eng Partei wäert wuel e Kompromëss mussen agoen
Grouss Ënnerscheeder an der Klima- an Energiepolitik gëtt et zum Beispill tëscht der Unioun op der enger Säit, an der SPD an de Gréngen op der anerer Säit, also hire warscheinlechste Koalitiounspartner. Zum Beispill wëllt d'Unioun Fracking an Däitschland bedreiwen an iwwerpréiwen, ob d'Land zeréck bei d'Atomenergie sollt goen. Béides wëllen SPD a Gréng net. Trotzdeem kéinten d'Parteien zesummefannen, mengt de Pit Steffen.
"Ech halen et fir realistesch, eleng well déi Gréng net méi déi nämmlecht rebellesch Partei ass, déi se vläicht virun 2o Joer waren. Déi Gréng sinn och däitlech méi konservativ ginn an däitlech manner ambitionéiert, wéi se misste sinn, wat Klimaschutz an energiepolitesch Punkten ugeet."
An de méigleche Koalitiounsverhandlunge wäerten d'Klima- an Energiepolitik wuel, wéi am Walkampf och, net ganz uewen an der Prioritéitelëscht stoen. Mee egal a wéi enger Konstellatioun, eng vun de bedeelegte Parteie wäert wuel e seriöe Kompromëss mussen agoen.