arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kee Referendum iwwer d'Pensiounsreform

No Fuerderung vu Piraten

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Kee Referendum iwwer d'Pensiounsreform

Et wäert net zu engem Referendum iwwer d'Pensiounsreform kommen. Dat huet d'Sozialministesch Martine Deprez den Dënschdeg an der Chamber kloergestallt, nodeems d'Piratepartei e Referendum gefuerdert huet.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Martine Deprez | © Chambre des Députés
Martine Deprez (Foto: Chambre des Députés)

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet kloergestallt, dat hien et als noutwenneg ugesäit, datt per Referendum iwwer déi nei Pensiounsreform ofgestëmmt gëtt. Seng Begrënnung ass, datt se jidderee betreffe wäert. Deemno missten alleguer d'Leit mat iwwer hir Zukunft decidéiere kënnen.

"Well wann déi Propose vun der Regierung esou formidabel sinn, wéi se presentéiert ginn, kéint een dat jo och an engem Referendum validéiere loossen.”

Iwwerdeems wier d'Theema Pensiounen am Walkampf keen Theema gewiescht, esou nach de Marc Goergen an der Chamber an d'Piraten och per Communiqué. Ergo hätten d'Wieler:inne guer net decidéiere kënnen, wéi eng Form vu Pensiounsreform hinnen am Beschte gefält. Am Communiqué heescht et: "Eng Pensiounsreform ouni d’Averständnis vun de Wieler:innen vun uewen erof duerchzeboxen entsprécht kengem gudden Demokratieverständnis."

Zoustänneg Ministerin weist Kritik of

D’CSV-Ministerin Martine Deprez weist sech vun de Piraten awer an där Hisiicht net beandrockt. D'ozialministerin erkläert, firwat een hirer Meenung no net dovu schwätze kéint, datt eppes vun uewen erof decidéiert géif ginn. D'Martine Deprez erënnert un de Consultatiounsprozess. De Rapport dovu soll den 2. Juli presentéiert ginn.

"An do wäerte mir da gesinn, wéi vill Leit sech do abruecht hunn, wéi vill Leit vun der Geleeënheet profitéiert hunn, fir do matzeschwätzen, mat wéi vill Leit, datt mir geschwat hunn, mat wéi vill strukturéierte Partner, datt mir geschwat hunn."

Duerno wier de Prozess awer nach net ofgeschloss, esou nach d'Martine Deprez. Et wéilt een dann och weiderhi mat Partner iwwer d'Reform diskutéieren, fir spéiderhin en Avant-projet de loi auszeschaffen.

play_arrow Lauschteren