Déi nei Immuniséierung ass keng Impfung, erkläert d’Kannerdoktesch Isabel de la Fuerte, déi an der Kannerklinik am Beräich vun den infektiéise Krankheete schafft. Et ass eng passiv Immuniséierung, bei der d’Antikierper direkt injektéiert ginn, sou muss de Kierper se net, wei bei enger Aktiver, selwer entwéckelen.
Méi Effikass
Dëst spillt virun allem bei Neigebuerenen eng wichteg Roll, well do den Immunsystem nach net wei bei engem Erwuessenen entwéckelt ass. Bis ewell gouf et eng Immuniséierung nëmme fir Héichrisikogruppen. Den elo weider entwéckelten Traitement gëtt vun Enn nächster Woch un, fir all Neigebuerener recommandéiert, betount D’Isabel de la Fuerte.
"Il est plus efficace et plus puissant et il a une demi-vie, donc la durée de vie dans l'organisme, prolongée."
Mat enger eenzeger Injektioun hätt een deemno eng Protektioun déi déi ganz Saison undauert.
D'Kannerklinik ass un hir Limitte komm
An der leschter Hierscht-Wanter Period waren iwwer 400 Kanner, ënner sechs Méint, an der Kannerklinik hospitaliséiert, dovun eng 40 op der Intensivstatioun. D’Spidol war deemools u seng Limitte komm. Dowéinst gëtt déi nei Immuniséierung ab Oktober och an de recommandéierten Impfprogramm fir kleng Kanner opgeholl, also grad wéi zum Beispill d’Polio an d’Waasserpouken.
"Il va être offert gratuitement à tous les nouveau-nés et il va être administré pour les bébés qui naissent pendant la période rcv (octobre à mars) idéalement déjà à la maternité pour qu‘ils soient directement protégés quand ils arrivent à la maison. Pour les autres nouveaux nés qui sont nés avant, l'administration peut être faite chez le pédiatre comme pour les autres vaccins.”
Als Reaktioun op d‘Immuniséierung kënne Féiwer, Pautschen op der Injektiounsplatz optrieden, awer nëmme bei engem Prozent vun de Fäll, ënnersträicht d’Isabel de la Fuente.