Deemno sollen Online-Kommunikatiounsplattforme wéi beispillsweis WhatsApp oder Signal hir Inhalter op Duerstellunge vu Mëssbrauch vu Kanner préiwen, an duerno eng Risikoanalys maachen.
Eng geféierlech Technologie?
Bei der Aschätzung vun engem héije Risiko soll d’Kommunikatiounsplattform sech och d’Chats vu Privatpersounen ukucken, also déi sougenannten End-to-End-verschlësselt Kommunikatioun. Dës sollen dann un een nei gegrënnten EU-Zenter weidergeschéckt ginn.
An hei ginn d’Stëmme vun de Kritiker haart. Am Juli zejoert hunn 300 Fuerscher a Fuerscherinnen aus iwwer 30 Länner, dorënner och eng Rei Lëtzebuerger, een oppene Bréif un d’Europaparlament geschriwwen, an deem si hir Bedenke géint eng entspriechend EU-Direktiv geäussert hunn. Et géif sech hei ëm eng geféierlech Technologie handelen, heescht et am Bréif, an déi wier am Kampf géint d’Verbreede vu Mëssbrauchsduerstellungen u Kanner och net effektiv. An dobäi géing och d’Privatsphär vun de Leit net respektéiert ginn.
Wat ass d'Positioun vu Schwaarz-Blo?
Weider gëtt och gefaart, datt duerch d’Technologie vill falsch Verdachtsfäll kéinte gemellt ginn, woumat eng permanent Gefor fir all Notzer an Notzerin vun deene Plattforme géif bestoen.
Um Donneschdegmëtteg wäert dann iwwert déi ëmstridden Chatkontroll, wéi se déi belsch EU-Rotspresidentschaft virschléit, an der Chamber diskutéiert ginn. Dann dierft een och d’Positioun vun der CSV-DP-Regierung zu dësem Sujet eng éischte Kéier héieren.