An de leschten Deeg ass vill iwwer e Fall vu Pedokriminalitéit geschwat ginn. Et geet ëm ee Mann, deen an éischter Instanz verurteelt gouf, ënner anerem well hie kannerpornografesch Biller gemaach huet a weider verbreet soll hunn. Een éischten Hiweis dorop gouf et 2019 vun Europol. Bis zum Urteel an éischter Instanz huet et also bal 6 Joer gedauert. Joren, an deenen de Mann weider Kontakter mat Mineuren hätt kéinten hunn.
E Fall vu Cyberpedokriminalitéit
Am August 2019 kruten d'Autoritéiten hei am Land een éischten Hiweis vun Europol iwwer dee Mann, dee virun e puer Wochen elo an éischter Instanz zu 13 Joer Prisong, deelweis mat Sursis, verurteelt gouf. Et geet ëm schlëmm Faiten, ënner anerem d'Produktioun vu kannerpornografeschem Material mat der eegener mannerjäreger Duechter, e puer vun hire Frëndinnen, an awer schéngt et nom éischten Hiweis eng 10 Méint gedauert ze hunn, bis eng Perquisitioun gemaach gouf.
Den David Lentz beschäftegt sech a sengem berufflechen Alldag vill mat Sexualdelikter a mat der Bestrofung vun den Täter. De Procureur d'État adjoint ass beim Parquet nämlech responsabel fir de Jugendschutz an d'Affaires familiales.
Well den Dossier amgaangen ass traitéiert ze gi vun der Justiz, wëllt den David Lentz zu deem prezise Fall keng Stellungnam huelen, erkläert hien am 100,7-Interview. Hien huet sech awer allgemeng zu den Delaie geäussert.
"Et ass net wéi am Film, datt een eng Informatioun kritt an direkt ka lassmarschéieren. Et gi verschidden Etappe virdrun. Fir d'éischt musse mir emol de Kader setzen, mee mir sinn an der Cyberpedokriminalitéit, dat heescht, Leit, déi hanner hirem Bildschierm meeschtens doheem schmuddeleg Knaschtereie kucken. Déi sinn doheem, déi duerchforschen den Internet, déi ginn esou Sitte kucken an déi falen iergendwou op."
Rapporten un de Parquet
Zu Lëtzebuerg gëtt et keng Cyberpolice an deem Sënn, déi den Internet duerchsicht, esou den David Lentz. De Grand-Duché hänkt dovunner of, wat aner Unitéiten am Ausland oder Associatiounen him mellen. Wann esou eng Meldung erakënnt, da geet se prinzipiell bei d'Police. Einfach ass et vun deem Moment un awer nach laang net.
"Dat sinn Daten, do steet net dran, et ass den X, et ass den Y vun do an do. Dat si vläicht Biller, do sinn Donnéeën dran. An da muss d'Police den Tri maachen, wat se mat deenen Date ka maachen. Do sinn Donnéeën derbäi, déi net derzou féieren, datt een iergendwéi ee kann identifizéieren. An aner Donnéeën, wou ee ka soen: 'Do hunn ech en Unhaltspunkt.' Eng E-Mail-Adress, eng Kreditkaart oder eng IP-Adress."
De Polizist schreift e Rapport un de Parquet a preziséiert, datt ee mat den Donnéeën eventuell d'Persoun identifizéiere kann. Wat d'Abus-sexuellen ugeet, do géing et eng zwou Dose Leit ginn, déi op deenen Dossiere schaffen, erkläert den David Lentz.
"Dat sinn der nach net vill, mee d'Zuel vun den Dossieren, déi erakommen, sinn enorm. Wann een eleng nëmmen d'Pedopornografie kuckt, dat sinn Honnerte vun Donnéeën, déi mir erakréie pro Joer, déi musse verschafft ginn. Soudatt dat e wéineg kann daueren, bis datt dat erakënnt. Mee dat ass nëmmen déi éischt Etapp."
Et gëtt gekuckt, wat richteg ass, an ob déi Donnéeën et engem kënnen erlaben, fir eng Perquisitioun ze maachen.
Sinn d'Affer genuch geschützt?
Wa gewosst ass, wien hanner de Biller stécht, gëtt een zweete Rapport un de Parquet geschriwwen, wou d'Donnéeën alleguerten dra sinn. Duerno gëtt beim Untersuchungsriichter eng Perquisitioun beim Verdächtegen ugefrot.
"Wat do de Fall ass, deen elo an de Medien dran ass, muss ee wëssen, datt mir deemools 2019 eng risege Quantitéit un Donnéeë kritt hunn, wat dozou gefouert huet, datt mir all déi Donnéeë gekuckt hunn, an datt mir schlussendlech 46 Perquisitiounen an enger Woch 2020 gemaach hunn."
Den David Lentz betount och, datt dat an der Covid-Pandemie geschitt ass. Pro Perquisitioun bréicht een och dräi bis fënnef Leit. Esou vill spezialiséiert Beamten hätt een awer net ëmmer zur Verfügung: Vill Leit ware krank oder ënner Quarantän.
No der Perquisitioun ass d'Enquête dunn nach weidergaangen. Eng Zäit, an där de Verdächtege weider konnt Kontakt mat Mineuren hunn. Den David Lentz ënnersträicht, datt déi Donnéeën, déi ee kritt huet, net drop higewisen hunn, datt déi suspekt Persoun eng Gefor war fir Kanner oder fir Mineuren hei an der Géigend.
"Hien huet Knaschtereien um Internet gekuckt. Mee do ware keng Donnéeën derbäi, datt dee sech géing un aner Saache vergräifen hei zu Lëtzebuerg, soudatt déi Donnéeën eréischt nodeems d'Police de risege Bierg vun Donnéeën exploitéiert huet an de Rapport de police bei den Untersuchungsriichter komm ass, datt dat eréischt effektiv bal dräi Joer drop erakomm ass. An dunn eréischt konnt den Untersuchungsriichter feststellen, datt do eng Gefor kéint bestoen."
Net mellen ass och keng Léisung
Den David Lentz relativéiert dofir och d'Kritik un der Justiz, déi et an de leschten Deeg duerchaus ginn ass. Verschidde Leit géingen elo eréischt feststellen, datt och hei am Land Abus-sexuelle gemaach géife ginn. "Dat ass een Drëttel vum Parquet, deen nëmmen esou Saache mécht."
Och bei der Police judiciaire ginn et Abteilungen, déi nëmmen an deem Beräich aktiv sinn, esou den David Lentz. D'Problematik géing awer bestoe bleiwen.
"Mir kréien där Dossiere masseweis eran, mat net genuch Leit, fir dat ze verschaffen."
Ronn zwou Dose Leit bei der Police judiciaire, déi sech mat deenen Dossiere beschäftegen, géing net duergoen, "fir déi Honnerte vu Meldungen, déi mir kréien, ze verschaffen."
E weidere Virworf kënnt vun Afferorganisatiounen déi fäerten, datt d'Delaie verschidde Leit dovunner ofhale géingen, sech iwwerhaapt ze mellen. De Procureur d'État adjoint seet, datt all Bedeelegte sech manner laang Delaie wënsche géing.
"Déi Delaie sinn absolutt ze laang, dat bedauert jiddereen, mee trotzdeem sinn ech der Meenung, datt een dat muss mellen."
Hien erënnert drun, datt Informatiounen an engem Fall och ka bei anere Fäll hëllefen, falls et sech ëm de selwechten Täter handelt.