D’Aarmut huet net nëmmen ee finanzielle Volet. Et gi mental a sozial Konsequenzen, oder och ee Manktem un Zougang zu sozialen a kulturellen Aktivitéiten. An d’Aarmut trëfft virun Allem déi Stéit mat Kanner, huet den de Fred Keup, Fraktiounspresident vun der ADR, ënnerstrach.
D’Kanneraarmut ass keng Fatalitéit, et ass eng Fro vu politeschem Wëllen, sot d’LSAP-Députéiert Francine Closener.
Markant ass awer, datt déi aktuell sozial Hëllefen, ewéi d’Allocation de vie chère oder d’Wunnhëllef, net vun all de Stéit ugefrot ginn.
Et muss präventiv gehandelt ginn
An de leschte Jore gouf de Revis reforméiert, allerdéngs hätt déi Reform kaum een Impakt gehat op d’Kanneraarmut, preziséiert nach de Marc Baum déi Lénk.
Op ville Plaze misst präventiv gehandelt ginn. Dat gëllt fir d’Gesondheet, d’Aarbecht, d’Educatioun de Logement an d’Finanzen. Eng transversal Approche misst agesat ginn.